Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité
lëtzebuergesche Ministère
De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (fr: Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité, gekierzt MEGA) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.
Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité | |
---|---|
Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit | |
Land | Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 17. November 2023 |
Um Spaweck | https://mega.gouvernement.lu/ |
En ersetzt de fréiere Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer.
Allgemenges
ännerenDe Ministère këmmert sech drëm fir d'Gläichstellung an d'Diversitéit an alle Liewensberäicher an an all Domaine vun eiser Gesellschaft z'assuréieren.
Kompetenz vum Ministère
ännerenD'Servicer a Verwaltungen ënner der Kompetenz vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Koordinatioun vun der nationaler an internationaler Politik fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer an d'Net-Diskriminéierung vun de Geschlechter; Koordinatioun vum nationalen Aktiounsplang fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer
- Koordinatioun vun der nationaler an internationaler Politik zu Gonschte vu lesbeschen, homosexuellen, bisexuellen, transgender an intersex Persounen (LGBTIQ+); Koordinatioun vum nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun LGBTI-Persounen ze fërderen
- Integratioun vum Volet Gender an de politesche Moossnamen an Zesummenaarbecht mat den zoustännege Ministèren
- Koordinatioun vun der Politik fir d'Bekämpfe vun all Form vu Gewalt déi op den Gender baséiert sinn
- interministerielle Kommitee fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer; interministerielle Kommitee fir d'Promotioun vun de Rechter vu lesbeschen, homosexuellen, bisexuellen, transgender an intersex Persounen; Kooperatiounskommitee tëscht Fachleit am Beräich vum Kampf géint d'Gewalt; Prostitutiounskommitee; Kommitee fir positiv Moossnamen an den Entreprisen am Privatsecteur
- Ausschaffe vun der Gesetzgebung an Ëmsetze vun Aktiounen zu Gonschte vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer an der Diversitéit; Diversitéits-Charta
- Observatoire vun der Gläichstellung
- Formatiounen an de Beräicher Gläichstellung an Diversitéit
- Kommitee fir Fraenaarbecht
- Gestioun vun de Servicer déi am Interessi vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer oder den Interessie vun der LGBTIQ+-Communautéit schaffen
- Relatioune mat nationalen an internationalen Organisatiounen déi sech fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer a fir d'Diversitéit asetzen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.