Millimeterpabeier ass normale Pabeier, dee speziell bedréckt ass.

Am heefegsten fënnt een an Hefter Pabeier, op deen Haisercher vun der Gréisst 5 Millimeter op 5 Millimeter gedréckt sinn. Millimeterpabeier huet am Géigesaz dozou normalerweis zwar och déi Andeelung, mä gläichzäiteg sinn dës Këschtercher nach eng Kéier a 25 Këschte vun 1-mol 1 Millimeter ënnerdeelt.

Uwendungen änneren

Physik änneren

An Zäiten an deenen et nach keng Computere goufen, déi Graphike mat allerhéchster Prezisioun maachen, huet een déi Graphike missen op der Hand maachen. Eng prezis Zeechnung op normalem oder souguer op karréiertem Pabeier ze maachen, war onméiglech. Déi gréisst Genauegkeet kann een erreechen, andeems ee fir seng Graphe Millimeterpabeier benotzt.

Medezin änneren

An der Medezin, an zumools bei der Elektrokardiographie ass Millimeterpabeier net méi ewechzedenken. Wann een op engem EKG wëll klengst Verännerungen erkennen, schreift een en Auszuch vum EKG op spezielle EKG Millimeterpabeier mat. Jee no Astellung steet 1 mm da fir eng bestëmmt Zäit. Heefeg steet 1 mm fir 50 Millisekonnen. Doduerch loosse sech mat bloussem A klengst Ofwäichunge vun der Norm erkennen an unzeechnen an op deem Wee eng Diagnos stellen.

Mathematik änneren

An der Mathematik fënnt Millimeterpabeier an der Geometrie säin Notzen. Millimeterpabeier ass optimal fir Zeechnunge vun héijer Prezisioun ze maachen, wat besonnesch wichteg ass wann eng Figur op der aner opbaut.

Architektur (Bauwierker, Elektronik) änneren

Architekte benotzen, wa si Zeechnunge maachen, och gär Millimeterpabeier. Ee Virdeel vu karréiertem Pabeier ass, datt e sech problemlos vergréissere léisst well automatesch all Figur a Secteuren ënnerdeelt gëtt.