Mike Connors (Schauspiller 1925)

amerikanesche Schauspiller

De Mike Connors, gebuer de 15. August 1925 zu Fresno, Kalifornien, als Kreker J. Ohanian a gestuerwen de 26. Januar 2017 zu Tarzana, Kalifornien[1]), war en US-amerikanesche Schauspiller mat armeeneschen Originnen.[2], dee virun allem fir seng Haaptroll an der Tëleesserie Mannix (1967-1975) bekannt ass.

Mike Connors
Gebuertsnumm Krekor Ohanian
Gebuer 15. August 1925
Fresno
Gestuerwen 26. Januar 2017
Tarzana
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Partei Republikanesch Partei

Liewen änneren

De Mike Connors gouf als Jong vun armeeneschen Awanderer a Kalifornien gebuer. Nodeem hie fir d'éischt am Zweete Weltkrich an der Arméi war, huet hien op der University of California zu Los Angeles studéiert. Do gouf hie bei engem Basketballspill vum Hollywood-Regisseur William A. Wellman entdeckt, deen him Zougang an d'Filmgeschäft verschaaft huet. Säi Filmdebut hat hien 1952 un der Säit vun der Joan Crawford am Film Sudden Fear. Duerno hat hien haaptsächlech Niewerollen a Film - a Fernseeproduktiounen, dorënner 1956 e kuerzen Optrëtt am Monumentalfilm The Ten Commandments vum Cecil B. DeMille. Hie konnt sech als beléifte Gaaschtduersteller a Fernseeserien an als Haaptduersteller vu B-Movies am Filmgeschäft etabléieren. An e puer vu senge fréie Filmoptrëtter gouf hien am Ofspann als Touch Connors ernimmt, wat dohier koum, datt Touch wärend senger Zäit op der Highschool säi Spëtznumm war.

Bekannt gouf de Mike Connors schliisslech duerch d'Titelroll als dropgängeresche Privatdetektiv an der vun 1967 bis 1975 produzéierter Krimiserie Mannix. Am Joer 1970 gouf hien dofir mam Golden Globe als Beschte Serien-Haaptacteur - Drama ausgezeechent. Am Uschloss koumen nach gréisstendeels Fernseefilmer a Gaaschtoptrëtter a Fernseeserien. D'Roll vum "Joe Mannix" huet hien 1997 nach eng Kéier an enger Folleg vun der Serie Diagnosis: Murder. Seng Schauspillcarrière huet hien 2007 mat engem Gaaschtoptrëtt an der Sitcom Two and a Half Men ofgeschloss.

Hie war zanter 1949[3] mat der Mary Lou Willey bestuet[4], mat där en e Jong, de Matthew Gunnar Connors (1958-2007), an eng Duechter, Dana Lee Connors (*1960), hat. Eng Woch viru sengem Doud am Alter vun 91 Joer gouf bei him Leukemie diagnostizéiert.

Filmographie (Auswiel) änneren

Filmer änneren

  • 1952: Sudden Fear - Junior Kearney
  • 1953: The 49th Man - Lt. Magrew
  • 1953: Sky Commando - Lt. Hobson Lee
  • 1953: Island in the Sky - Gainer
  • 1954: Day of Triumph - Andrew
  • 1955: Five Guns West - Hale Clinton
  • 1955: The Twinkle in God's Eye - Lou
  • 1956: Day the World Ended - Tony Lamont
  • 1956: Swamp Women - Bob Matthews
  • 1956: Jaguar - Marty Lang
  • 1956: The Oklahoma Woman - Tom Blake
  • 1956: The Ten Commandments - Amalekiter Hiert
  • 1956: Shake, Rattle & Rock! - Garry Nelson
  • 1957: Voodoo Woman - Ted Bronson
  • 1957: Live Fast, Die Young - Rick
  • 1958: Suicide Battalion - Maj. Matt McCormack
  • 1960: The Dalton That Got Away - Russ Dalton
  • 1964: Panic Button - Frank Pagano
  • 1964: Good Neighbor Sam - Howard Ebbets
  • 1964: Where Love Has Gone - Major Luke Miller
  • 1965: Harlow - Jack Harrison
  • 1965: Situation Hopeless... But Not Serious - Sgt. Lucky Finder
  • 1966: Stagecoach - Hatfield
  • 1966: Kiss the Girls and Make Them Die - Kelly
  • 1976: Revenge For A Rape - Travis Green
  • 1979: Avalanche Express - Haller
  • 1980: Nightkill - Wendell Atwell
  • 1985: Too Scared to Scream - Lt. Alex Dinardo
  • 1989: Fist Fighter - Billy Vance
  • 1994: Downtown Heat - Steve
  • 1998: Gideon - Harland Greer
  • 2000: The Extreme Adventures of Super Dave - Osborne
  • 2003: Nobody Knows Anything! - Joe Mannix

Televisioun änneren

  • 1956: The Adventures of Jim Bowie, Episod "Broomstick Wedding" - Rafe
  • 1957: The Silent Service, episode "The Ordeal of the S-38" - Don Melhop
  • 1957: The Walter Winchell File "The Steep Hill" - Dave Hopper
  • 1958: Cheyenne (TV Serie), Episod "Dead to Rights" - Roy Simmons (als Michael Connors)
  • 1958: Official Detective, Episode "The Cover-Up" - Martin Whiting
  • 1959 - 1960: Tightrope! - Geheimagent
  • 1967 - 1975: Mannix - Joe Mannix
  • 1979: The Death of Ocean View Park - Sam Jackson
  • 1981 - 1982: Today's FBI - Ben Slater
  • 1993: Public Enemy #2 - als hie selwer
  • 1993: Hart to Hart Returns - Bill McDowell
  • 1995: Murder, She Wrote, Episod "Flim Flam" - Boyce Brown
  • 1997: Diagnosis: Murder, Episod "Hard Boiled Murder" - Joe Mannix
  • 1998: Walker, Texas Ranger, Episod "Code of the West" - Judge Arthur McSpadden
  • 2007: Two and a Half Men, Episod "Prostitutes and Gelato" - Hugo

Um Spaweck änneren

Commons: Mike Connors (Schauspiller 1925) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Pat Saperstein: Mike Connors, 'Mannix' Star, Dat at 91.
  2. De Mike Connors
  3. Anita Hamilton: Celebrating Seniors - Mike Connors Turns 90.
  4. De Mike Barnes: Mike Connors, Principled Privat Detective on 'Mannix,' Dat at 91.