Miguel Díaz-Canel

President vu Kuba

De Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez, gebuer den 20. Abrëll 1960 zu Placetas, ass e kubanesche Politiker an zanter dem 19. Abrëll 2018 deen 19. President vu Kuba.

Miguel Díaz-Canel
Gebuertsnumm Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez
Gebuer 20. Abrëll 1960
Placetas
Nationalitéit Kuba
Educatioun Universidad Central Marta Abreu de las Villas
Aktivitéit Ingenieur, Lecteur, Politiker
Partei Kommunistesch Partei vu Kuba

Virdru war hien, vun 2013-2018, Éischte Vizepresident vum kubanesche Staatsrot a vum Ministerrot.Hien ass zanter 2003 Member vum Politbüro vun der kommunistescher Partei vu Kuba (PCC), a war tëscht Mee 2009 a Mäerz 2012 Héichschoulminister.

Den 18. Abrëll 2018 gouf hien als den Nofollger vum Raúl Castro, zum President vum Staatsrot a vum Ministerrot (an domat zum Staatspresident) designéiert an den Dag drop vereedegt. Den 19. Abrëll 2021 gouf hien zousätzlech zum Éischte Sekretär vun der PCC gewielt.

Hien ass Elektroingenieur vu Formatioun.

Hien ass fir d'zweet bestuet an huet zwee Kanner vu senger éischter Fra.

Um Spaweck änneren

Commons: Miguel Díaz-Canel – Biller, Videoen oder Audiodateien