De Michel Polnareff, gebuer den 3. Juli 1944 zu Nérac am Departement Lot-et-Garonne, ass e franséische Chansonnier, Komponist an Textauteur, dee besonnesch an de spéiden 1960er a fréien 1970er Jore bekannt war.

Michel Polnareff
Gebuer 3. Juli 1944
Nérac
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Hattemer
Aktivitéit Liddermécher, Pianist, Filmkomponist, Gittarist

Säin éischten Disk, La poupée qui fait non, koum 1966 eraus a gouf e grousse Succès. Dat selwecht Joer koum seng zweet Single eraus, op där souwuel d'A-Säit Love me, please love me Erfolleg hat, wéi och d'B-Säit mat L'amour avec toi, dat e klenge Skandal ausgeléist huet an net virun 10 Auer owes um Radio gespillt huet däerfe ginn. An Erënnerung bliwwen ass och d'Plakat fir eng Tournée, op deem e säi plakegen Hënner weist.

Nodeems en e puer Joer am Virprogramm vu bekannte Gruppen opgetrueden war, hat en 1970 seng eege Show am Olympia, mat där en duerno op Tournée a Frankräich goung. 1972 huet hien de Soundtrack vum Gérard Oury sengem Film La folie des grandeurs (mam Louis de Funès) geschriwwen. Bis an d'1970er Joren huet hien e puer Millioune Placke verkaf. 1973 ass hie, wéinst Gedeessems mat de Steieren, an d'USA wunne gaangen a koum eréischt 1985 hannescht a Frankräich. E Comeback-Versuch mam Album Incognito hat net vill Succès.

An de Joren duerno huet de Michel Polnareff zeréckgezunn an der Géigend vu Los Angeles gelieft, ier en 2007 nees, virun zouene Guicheten, eng Tournée a Frankräich an der Belsch gemaach huet. Enn 2007 koum eng CD mam Concert zu Bercy eraus.

Säi Markenzeechen ass eng krauselech Coiffure an e wäisse Sonnebrëll (deen e wéinst engem Aeleiden huet missen droen).

Lidder (Auswiel) änneren

  • Ballade pour toi
  • Chère Véronique
  • J'aimerais simplement faire
  • Dans la maison vide
  • Ta ta ta ta (1967)
  • Je t'aime
  • Kama sutra
  • L'oiseau de nuit
  • La poupée qui fait non (1966)
  • Meine Puppe sagt non (DäitscheVersioun, 1966)
  • No, No, No, No, No (Englesch Versioun, 1966)
  • La vie, la vie m'a quitté
  • Love me, please love me (1966)
  • Love me, please love me (Däitsch Versioun) (1967)
  • L'homme qui pleurait des larmes de verre (1974)
  • Fame à la mode (1975)
  • Coucou me revoilou (1978)
  • Mes regrets
  • Lettre à France

Discographie änneren

  • 1966: Michel Polnareff
  • 1968: Le bal des Laze
  • 1969: Disques d'or des disque d'or (Best of)
  • 1971: Polnareff's
  • 1971: La folie des grandeurs (Soundtrack)
  • 1972: Disques d'or des disque d'or No. 2 (Best of)
  • 1972: Polnarevolution (Live)
  • 1974: Michel Polnareff (mit 'I love you because', 'Tibili'...)
  • 1975: Fame à la mode
  • 1976: Lipstick (Soundtrack)
  • 1978: Coucou me revoilou
  • 1981: Bulles
  • 1984: La vengeance du serpent à plumes (Soundtrack)
  • 1985: Incognito
  • 1990: Kâma-Sûtra×
  • 1996: Live at the Roxy (Live)
  • 1999: Je rêve d'un monde... (Single)
  • 1999: Nos mots d'amour (Best of)
  • 2003: Passé Présent (Best of, 2 CDs)
  • 2004: Passé simple (Best of)
  • 2006: Les 100 plus belles chansons (Best of mat engem neie Lidd 'Ophélie flagrant des lits', 5 CDs)
  • 2007: Ze(Re)Tour 2007 (Live, 2 CDs)

Literatur änneren

  • Michel Polnareff: Polnareff par Polnareff. Autobiographie. Grasset, Paris 2004.
  • Christophe Lauga: Polnareffmania. Éditions Scali, Paris 2004.
  • Benoît Cachin: Polnaculte. Michel Polnareff vu par ses auteurs et par lui-même. Mascara, o.0. 2007.
  • Rémi Bouet: Polnareff. Au fond des yeux. Arthéléna Éditions, o.0. 2007.
  • Philippe Margotin: Polnareff. Polnaréfernces. Éditions de la Lagune, 2007 (Darstellung der Entstehung der einzelnen Musiktitel).

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Polnareff – Biller, Videoen oder Audiodateien