De Michel Marie François Butor, gebuer de 14. September 1926 zu Mons-en-Barœul bei Lille a gestuerwen de 24. August 2016 zu Contamine-sur-Arve[1], war e franséische Schrëftsteller.

Michel Butor
Gebuertsnumm Michel Marie François Butor
Gebuer 14. September 1926
Mons-en-Barœul
Gestuerwen 24. August 2016
Contamine-sur-Arve
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Essayist, Romancier, Konschtkritiker, Iwwersetzer, Lecteur

De Michel Butor gëllt als wichtege Representant vum Nouveau Roman, vun deem e sech no eegenen Informatiounen awer schonn 1960 distanzéiert huet. Dono huet en e puer honnert Bicher mat experimentellen Texter, zum Deel zesumme mat Moler a Graphiker, publizéiert, dacks just a klenge bibliophilen Oploen.

De Butor huet op der Sorbonne zu Paräis Philosophie a Philologie studéiert a war dono Franséisch-Enseignant an Egypten, zu Manchester, Saloniki a Genf. Dono gouf hie Lektor bei den Éditions Gallimard zu Paräis. Vun 1975 bis 1991 huet hien oip der Universitéit Genève franséisch Literatur enseignéiert.

Wierker (Auswiel) änneren

Romaner
  • Passage de Milan (1954)
  • L'emploi du temps (1956)
  • La Modification (1957)
  • Le génie du lieu (1958)
  • Degrés (1960)
  • Mobile: étude pour une représentation des États-Unis (1962)
  • Niagra (1969)
  • Retour du boomerang (1988)
  • L'embarquement de la reine de Saba (1989)
  • Transit A, Transit B (1992)
Essayen
  • Degrés (1960)
  • Répertoires [I à V] (1960–1982)
  • Les mots dans la peinture (1969)
  • Matière de rêves (1975–1985)
  • Improvisations sur Rimbaud (Versuch über Rimbaud) (1989, deutsch 1994)
  • L'utilité poétique (1995)

Gielercher (Auswiel) änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Butor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. L'écrivain Michel Butor, figure du Nouveau Roman, est mort, Le Monde, 24. August 2016, gekuckt de 24. August 2016