Michael D. Higgins
iresche Politiker, Dichter an Auteur
De Michael D. (Daniel) Higgins (Iresch: Micheál D. Ó hUiginn), gebuer den 18. Abrëll 1941 zu Limmerick, ass en iresche Politiker, Dichter an Auteur.
Michael D. Higgins | |
---|---|
Gebuer |
18. Abrëll 1941 Limerick |
Nationalitéit | Irland |
Educatioun |
National Universitéit vun Irland, Indiana University Bloomington, Universitéit vu Manchester |
Aktivitéit | Politiker, Dichter, Schrëftsteller, Politolog |
Partei | Fianna Fáil |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Famill | |
Bestuet mat | Sabina Higgins |
De 27. Oktober 2011 gouf hien zum President vun Irland gewielt. Hien huet säin Amt den 11. November 2011 ugetrueden.
Den Higgins huet op der Universitéit Galway studéiert a spéider do Coursen a Politikwëssenschaft a Soziologie ginn.
Hien ass Member vun der Irescher Aarbechterpartei (Irisch Labour Party) a war Member vum Gemengerot an eng Zäit laang Buergermeescheter vu Galway.
1981 gouf hien zum Deputéierten am Dail (Chamber) gewielt, a gouf, mat enger klenger Ënnerbriechung 30 Joer laang erëmgewielt. 1993 war hie fir ee Joer Minister.