Michèle Torr

franséisch Sängerin

D'Michèle Torr, gebuer de 7. Abrëll 1947 zu Pertuis als Michelle Cléberte Tort, ass eng franséisch Sängerin. Si huet hir Karriär 1962 ugefaangen.

Michèle Torr
Gebuertsnumm Michelle Odette Kléberte Tort
Gebuer 7. Abrëll 1947
Pertuis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Entertainer, Liddertexter
Famill
Bestuet mat Christophe (Sänger)

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1966 zu Lëtzebuerg mam Lidd "Ce soir je t'attendais" vertrueden. Si koum op déi 10. Plaz mat 7 Punkten.[1]

Eelef Joer méi spéit huet si Monaco beim Eurovision Song Contest 1977 zu London mam Lidd "Une petite française" vertrueden. Déi Kéier koum si op déi 4. Plaz mat 96 Punkten.[2]

Am Joer 1970 huet si mat 2 Lidder bei der franséischer Vir-Selektioun fir de Grand Prix matgemaach, ass awer net iwwer d'Halleffinall erauskomm.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=283
  2. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=293