Mexikanesch Verdeedegung
D'Mexikanesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A50 klassifizéiert.
Zich | 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 |
---|---|
ECO | A50 |
Benannt no | Mexiko |
Entsteet aus | Indesch Verdeedegung |
Aner Nimm | Tango, Kevitz-Trajkovic-Verdeedegung |
D'Mexikanesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. d4 Sf6
- 2. c4 Sc6
D'Mexikanesch Verdeedegung kann och duerch Zuchëmstellung iwwer 1. d4 Sc6 2. c4 Sf6 erreecht ginn, wat Wäiss allerdéngs d'Méiglechkeet gëtt 2. d5 ze spillen.
Geschicht
ännerenD'Mexikanesch Verdeedegung huet hiren Ursprong an den 1920er Joren, wou se souwuel vum mexikanesche Groussmeeschter Carlos Torre Repetto (dohier den Numm „Mexikanesch Verdeedegung“),[1] wéi och vum US-amerikanesche Meeschter Alexander Kevitz (de „Kevitz“ am Numm „Kevitz-Trajkovic Verdeedegung“). Méi spéit gouf se vum jugoslawesche Meeschter Mihailo Trajkovic[2] a vum sowjetesche Groussmeeschter Anatoli Lutikow gespillt. Nodeem se joerzéngtelaang aus der Turnéierpraxis verschwonne war, huet den Internationale Meeschter Georgi Orlov jeeweils 1992 an 1998 eng Broschür an en erfollegräicht Buch iwwer d'Mexikanesch Verdeedegung geschriwwen an huet se Black Knights' Tango genannt. Zanter 1992 gouf dës Erëffnung vun enger ganzer Rei staark Groussmeeschtere gespillt, dorënner de Viktor Bologan, de Joel Benjamin, de Larry Christiansen an den Alex Yermolinsky[3], deen d'Mexikanesch Verdeedegung souguer géint de Garri Kasparow bei der Schacholympiad zu Eriwan 1996 gewot huet.[4]
Grondiddien
ännerenObwuel et eng relativ seelen Erëffnung ass, huet den „Tango“ méi eng fundéiert positionell Basis wéi déi meescht aner onkonventionell Erëffnungen: Schwaarz entwéckelt sech séier, huet eng flexibel Bauerestruktur an ass prett, am Zentrum mat 3.... e5,... e6 oder... d5 zeréckzeschloen. D'Mexikanesch Verdeedegung huet verschidden eegestänneg Varianten, geet awer dacks duerch Zuchëmstellung an aner Erëffnungen iwwer, wéi zum Beispill d'Kinneksindesch Verdeedegung, d'Nimzo-Indesch Verdeedegung, d'Bogo-Indesch Verdeedegung, d'Tschigorin-Verdeedegung, d'Englesch Erëffnung oder d'Ragosin-Variant vum ofgeleenten Dammegambit.
Varianten
ännerenKinneksspréngervariant
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. Sf3
Dëst ass déi meeschtgespillte Variant[5], well se den thematesche Géigeschlag am Zentrum duerch 3.... e5 verhënnert. Schwaarz äntwert dohier an der Reegel mat 3.... e6, obwuel den Iwwergang mat 3.... d6 an eng Art Alindesch Verdeedegung och méiglech ass.[5],[6] No 3.... e6 féiert 4. Sc3 Lb4 zu enger Niewevariant vum Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung.[7],[8] No 4. a3 ka Schwaarz mat 4.... d5 an een Ofgeleent Dammegambit iwwergoen oder 4.... d6 spille fir ee spéideren e5 virzebereeden oder fir mat 5.... g6 an eng Art Kinneksindesch Verdeedegung iwwerzeleeden[9],[10], wéi de Viktor Bologan et dacks gemaach huet. 4. g3 féiert no 4.... Lb4+ 5. Sc3 erëm zu enger Nimzo-Indescher Niewevariant oder no 5. Ld2 oder 5. Sbd2 zu enger Bogoljubow-Indescher Niewevariant.[11],[12] Eng aner Méiglechkeet ass et, mat 4.... d5 an d'Katalanesch Erëffnung iwwerzegoen, wéi vum Palliser recommandéiert.[11],[13]
Dammespréngervariant
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. Sc3
Dëst ass déi zweetheefegst wäiss Äntwert.[14] Nom themateschen 3.... e5 ka Wäiss mat 4. Sf3 an d'Englesch Erëffnung iwwergoen[15], wourop de Palliser 4.... e4!? recommandéiert[15], wougéint den Orlov et virzitt déi komplex Haaptvariant 4.... exd4 5. Sxd4 Lb4 ze spillen.[16] D'Haaptvariant vun der Mexikanescher Verdeedegung ass allerdéngs 4. d5 Se7[17], wourop d'Partie an „Tango“-Manéier weidergoe kann, zum Beispill mat 5. Sf3 Sg6, oder an d'Kinneksindesch Verdeedegung iwwergoe kann, zum Beispill mat 5. Sf3 d6 6. e4 (oder 6. Lg5!?) g6 7. Le2 Lg7 8. 0-0 0-0, wouduerch d'Haaptvariant vum Kinneksindeschen duerch Zuchëmstellung erreecht gëtt.[18] Géint déi zwou Approchë geriicht ass den Zuch 5. h4, deen och méi spéit geschéie kann, wa Schwaarz festgeluecht huet, ob en e Sprénger oder e Bauer op g6 stellt.
Eng aner interessant, mä relativ onerfuerschten Iddi ass 3.... e6, wat et Wäiss erlaabt 4. e4 ze spillen (aner Zich wéi 4. d5, 4. Lg5, 4. a3, 4. f3 a 4. Sf3 sinn och méiglech), wourop Schwaarz mat 4.... d5 äntwert. An där Stellung sinn d'Haaptméiglechkeeten 5. e5 (d'Haaptvariant), 5. exd5, 5. cxd5 an 5. Lg5. Déi doraus resultéierend Stellunge kënne gréisstendeels och duerch Zuchëmstellung iwwer d'Flohr-Mikenas-Variant vun der Englescher Erëffnung (1. c4 Sf6 2. Sc3 e6 3. e4) erreecht ginn, allerdéngs ass 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Sc6 déi optimal Zuchreiefolleg, wa Schwaarz sou spille well.
Virstoussvariant
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. d5
Dës ambitionéiert Variant ass spillbar, gëtt awer seele gesinn.[19] Schwaarz äntwert normalerweis mat 3.... Se5. No 4. e4 (wourop 4.... Sxe4? 5. Dd4 e Sprénger gewënnt) huet Schwaarz mat 4.... Sg6 5. f4 e5 am Zentrum zeréckgeschloen an der Stammpartie Sämisch - Torre, Baden-Baden 1925.[1] Trotzdeem si souwuel den Orlov, wéi och de Palliser der Meenung, datt 4.... e6, wat zu extreem schaarfe Spill féiere kann, besser gewiescht wier.[20],[21]
Partien
ännerenLiteratur
änneren- Georgi Orlov: Black Knights' Tango, International Chess Enterprises, 1992. ISBN 1-879479-03-6
- Georgi Orlov: The Black Knight's Tango: Outwit Your Opponents from Move 2!. Batsford, 1998. ISBN 0-7134-8349-0
- Richard Palliser: Tango! A Dynamic Answer tod4. Everyman Chess, 2005. ISBN 1-85744-388-8
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 "Friedrich Samisch vs Carlos Torre-Repetto (1925)" Chessgames.com
- ↑ Palliser, S. 10
- ↑ Palliser, S. 7, 10
- ↑ "Garry Kasparov vs Alex Yermolinsky (1996)" Chessgames.com
- ↑ 5,0 5,1 Palliser, S. 82
- ↑ Orlov 1998, S. 53-54
- ↑ Palliser, S. 92
- ↑ Orlov 1998, S. 80
- ↑ Palliser, S. 176
- ↑ Orlov 1998, S. 115-118
- ↑ 11,0 11,1 Palliser, S. 159
- ↑ Orlov 1998, S. 60-61, 80
- ↑ Orlov 1998 S. 59-60
- ↑ Orlov 1998, S. 26
- ↑ 15,0 15,1 Palliser, S. 76
- ↑ Orlov 1998, S. 27
- ↑ Orlov 1998, S. 28
- ↑ Orlov 1998, S. 34-35
- ↑ Palliser, S. 55
- ↑ Orlov 1998, S. 8
- ↑ Palliser, S. 66