Melusina Mater

monumentaler Skulptur am Bronz

Melusina Mater ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur am Bronz vun der Bettina Sabbatini, déi an der Stad nieft der Maternité um Site vum Centre hospitalier (CHL) steet.

Melusina Mater
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Ageweit 12. Juli 2020
Héicht 5,20 m
Material Bronz
Kënschtler Bettina Sabbatini

D'Skulptur änneren

Fir de Projet vun der Melusina Mater huet d'Kënschtlerin sech op Wonsch vun der Direktioun vum CHL un enger anerer Statu inspiréiert. Et handelt sech dobäi ëm eng gëlle Melusina mat Flilleken, déi 2015 um Daach vun der Academia Belgica zu Roum am Kader vun der Lëtzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil installéiert gouf.

D'Wiel vum Sujet ergëtt sech aus deem, wat Melusina duerstellt: e märchenhaft an aussergewéinlecht Wiesen, dat mat sengem Fëschschwanz un d'eau fécondatrice an d'Originne vum Liewen erënnert. Et ass virun allem eng Symbolfigur vun der Fruchtbarkeet an dem Wuelstand. D'Statu representéiert d'Melusina déi hir Flilleken an hir Léift gebraucht fir hir Famill ze schützen.

Den CHL huet d'Skulptur finanzéiert, well am Budget fir de Bau vun der neier Maternité e gewëssen Deel fir e Konschtwierk virgesi war. D'Skulptur gouf den 12. Juli 2020, kuerz virum 5. Anniversaire vum neie Maternitésgebai de 15. August 2020, ageweit.

Um Spaweck änneren