D'Biller an de Wikimedia-Projete solle méiglechst prezis eppes Konkretes (Landschaft, Saach, Persoun, Evenement, ...) beschreiwen a kënnen an Artikelen agebaut ginn.

Fir datt d'Biller op Wikipediaen an alle Sproochen, an och soss Wikimedia-Projeten agebonne kënne ginn, musse se op Wikimedia Commons eropgeluede ginn.

All Biller op Commons mussen ënner fräier Lizenz publizéiert ginn, d. h. wa se vun Iech sinn, datt Dir hinne sou eng Lizenz gitt, oder, am Fall wou se net vun Iech sinn, et séchergestallt ass, datt se sou eng Lizenz schonn hunn. Méi dozou hei drënner.


Dir hutt d'Foto selwer gemaach

Dir sidd averstanen, datt Är Foto vu jidderengem viru benotzt ka ginn (och z. B. fir kommerziell Zwecker), ënner der Conditioun, datt Dir als Auteur ernimmt musst ginn, an d'Lizenz fräi bleiwe muss.

  • Dir hutt eng Foto vun enger Persoun gemaach:
    Jo Dir kënnt d'Bild ënner der Creative Commons-BY-SA 3.0 Lizenz (CC-by-sa 3.0) hei op Wikimedia Commons eroplueden. Mam Eropluede confirméiert Dir, datt dëst Bild am Kader vun enger ëffentlecher Veranstaltung opgeholl gouf an/oder déi Persoun domat averstanen ass, datt hir Foto an der Wikipedia verëffentlecht gëtt. Sëtzt an deem Fall d'Schabloun {{Personality rights}} derbäi.
  • Dir hutt eng Foto vun engem Konschtwierk gemaach, dat net vun Iech selwer ass (e Bild, eng Skulptur, ...), an deem säin Auteur (=de Kënschtler) nach lieft oder nach keng 70 Joer dout ass:
    Nee De Kënschtler oder seng Ierwen hunn d'Auteursrechter; luet d'Bild net erop, et gëtt soss geläscht.
  • Dir hutt eng Foto vun engem rezente Gebai gemaach:
    A ville Legislatioune behält den Architekt d'Auteursrecht (ënner deselwechte Konditioune wéi bei engem Konschtwierk). Dëst ass de Fall ë. a. zu Lëtzebuerg, an der Belsch oder a Frankräich. Aner Länner do dergéint, wéi z. B. Däitschland, kennen d'Panoramafräiheet. Ier Dir d'Bild eropluet, kuckt dofir an dëser Lëscht no, ob et an deem Land, wou d'Bild gemaach gouf, dës Panoramafräiheet gëtt.
Jo Wann dat de Fall ass, da kënnt Dir d'Bild ënner der Creative Commons-BY-SA Lizenz 3.0 (CC-by-sa 3.0) hei op Commons eroplueden.
Nee Wann dat net de Fall ass, da luet et net erop, et gëtt soss geläscht.

D'Bild ass net vun Iech selwer

  • Den Auteur vum Bild ass scho méi wéi 70 Joer dout:
Dir wësst, ween den Auteur ass, an datt e scho méi wéi 70 Joer dout ass.
  • Jo Dir kënnt Bild hei op Commons eroplueden Klickt an deem Fall am 'Upload Wizzard' un, datt d'Bild net vun Iech selwer ass a fëllt dann d'Rubriken 'Auteur' (mam Stierfdatum) a 'Source' aus).
  • Dir kennt den Auteur net, mä d'Bild ass al:
    ? Frot aner Wikipedianer.
  • Dir hutt d'Bild um Internet fonnt:
    • An deene meescht Fäll huet säin Auteur keng Autorisatioun ginn, datt d'Bild fräi benotzt ka ginn.
      • Neen Luet an deem Fall d'Bild net erop, et gëtt geläscht.
      • Jo Falls dach explizit eng fräi Lizenz uginn ass, kënnt Dir d'Bild op hei op Commons eroplueden. Dir musst dann am 'Upload Wizzard' uklicken, datt d'Bild net vun Iech ass, a genee uginn, wat d'Source (Link op d'Säit), den Auteur an déi fräi Lizenz, déi hien dem Bild ginn huet (Link op d'Säit), sinn. Dir musst dann och d'Schabloun {{LicenceReview}} derbäi setzen.
    • Ass d'Bild vu Flickr, dierft Dir et nëmmen hei op Commons eroplueden, wann et eng fräi Lizenz huet (CC-BY oder CC-BY-SA). Sou Biller op Flickr sinn an dëser Kategorie ze fannen. Klickt an deem Fall am 'Upload Wizzard' un, datt et vu Flickr ass, a gitt Auteur a Lizenz un.
  • Dir hutt d'Bilddatei vun engem Drëtte kritt, fir s'op Wikipedia/op Commons ze setzen:
An deem Fall muss deen deen d'Rechter drop huet (an der Regel de Fotograf) via OTRS confirméieren, datt hie mat enger Publikatioun ënner fräier Lizenz op Wikipedia averstanen ass. Wéi dat geet, steet hei. Dir kënnt dann d'Bild op Wikimedia Commons eroplueden, sou wéi et do beschriwwen ass.

Dir sidd a kengem vun deene Fäll

Wann Dir Ärem Fichier eng aner Lizenz wëllt ginn, déi net op Commons akzeptéiert gëtt, kënnt Dir dat ënner Ëmstänn hei maachen; allerdéngs maacht Dir dat ënner Ärer eegener rechtlecher Verantwortung. Et gëtt ausserdeem keng Garantie, datt dëst Bild, respektiv dës Lizenz, an Zukunft op der Wikipedia autoriséiert ass, sou datt et ë. Ë. nees ka geläscht ginn. Am Fall wou Dir z. B. e Bild ënner Fair Use-Lizenz wëllt eropluede muss dat Bild der EDP Richtlinn entspriechen, an Dir musst ausdrécklech déi Critèren uginn.