Max Meier
De Max Meier, gebuer den 2. Oktober 1863 zu Reschitza, a gestuerwen de 4. Mäerz 1919 zu Bismarckhütte, war en däitschen Entreprener.
Max Meier | |
---|---|
De Max Meier (mat Meloun) a Mataarbechter virum Büro vun der Déifferdenger Schmelz | |
Gebuer | 2. Oktober 1863 |
Gestuerwen | 4. Mäerz 1919 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Metallurgist |
Liewen
ännerenDe Max Meier war de Jong vum Erfinder Eduard Meier. Hien ass zu Reschitza wou säi Papp bis 1880 eng Schmelz geleet huet, opgewuess. Hien huet Metallurgie zu Leoben, Breslau a Berlin studéiert. Duerno huet e bei der Phoenix AG für Bergbau und Hüttenbetrieb zu Ruhrort mat schaffen ugefaangen. 1893 ass e bei d'Eisenwerk Krämer op Sankt Ingbert gaangen, wou en d'Leedung vum Thomas-Stolwierk a vun der Walzstrooss iwwerholl huet. Enn 1895 gouf en techneschen Direkter vum Bau vun engem Stol- an e puer Walzwierker vun der Société Anonyme des Aciéries de Micheville zu Villerupt.
1898 huet d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG en op Déifferdeng geschéckt, wou en en neit Stolwierk opriichte gelooss huet. Ënner senger Leedung gouf do fir d'éischt Kéier an Europa e Grey-Träger gewalzt.[1]
1908 gouf e Generaldirekter an techneschen ieweschten Direkter vum Walzwierk vun der Bismarckhütte.
Zu Déifferdeng gouf 1904 eng Strooss no him Avenue Max Meier genannt. 1936 gouf se an Avenue Émile Mark ëmgenannt.
Wierk
änneren- Die Herstellung der Halbfabrikate, Schienen, Schwellen und Träger. In: Stahl und Eisen – Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, 1898, S. 1017
Literatur
änneren- Max Meier. In: Alfons Perlick: Oberschlesische Berg- und Hüttenleute: Lebensbilder aus dem oberschlesischen Industrierevier (= Quellen und Darstellungen zur schlesischen Geschichte, Bd. 6), 1953, S. 189-190
- Max Meier. In: Stahl und Eisen - Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, Band 108, 1988, S. 922
- Meier, Max. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie, Bd. 7, S. 31.
- Max Meier eins und zwei, In Déifferdang Magazin, Nr. 8/2013, Säit 16-17
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Stahl und Eisen: Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, Band 72, 1952.