Mattia De Sciglio

italieenesche Foussballspiller


De Mattia De Sciglio, gebuer den 20. Oktober 1992 zu Mailand, ass en italieenesche Foussballspiller, deen zanter 2011 fir d'Profimannschaft vum AC Mailand spillt.

Mattia De Sciglio
Den De Sciglio, 2012

Den De Sciglio, 2012
Den De Sciglio, 2012
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Mattia De Sciglio
Gebuertsdag 20. Oktober 1992
Gebuertsplaz MailandItalien
Gréisst 185 cm
Positioun Ofwier
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2011- AC Mailand 46 (0)
Nationalekipp
2013- Italien 36 (0)

1 Nëmme Liga-Matcher.

Hie kann op der rietser an op der lénkser Ofwiersäit agesat ginn.

Karriär änneren

Veräinscarrière änneren

Den De Sciglio huet seng Karriär 2001 am Alter vun 9 Joer zu Cimiano, an engem Staddeel vu Mailand ugefaangen. E Joer méi spéit koum hien an d'Jugendekipp.

Säin éischten Asaz fir d'Profien huet hien den 28. September 2011 gehat, wéi hie beim Champions-League-Gruppespill géint Viktoria Pilsen an der 87. Minutt fir den Ignazio Abate agewiesselt gouf. Beim Réckspill war hien dann déi ganz 90 Minutten dran.

Nationalmannschaft änneren

Den De Sciglio war vu September 2010 bis 2011 Nationalspiller vun der italieenescher U19-Auswiel. A sengen aacht Asätz huet hien ee Gol geschoss.[1] Dësen Treffer war den 3-0 géint Färöer-Inselen den 9. Oktober 2011.[2]

Vun 2011 u war hien an der U20-Nationalmannschaft an huet fënnef Matcher gespillt. Säin Debut fir d'A-Nationalekipp Italien huet hien den 21. Mäerz 2013 am Frëndschaftsspill géint Brasilien ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Länderspielstatistik (it), ofgeruff den 30. Dezember 2011
  2. Spillbericht, transfermarkt.de, ofgeruff den 30. Dezember 2011