De Matthäus Merian den Eeleren, gebuer den 22. September 1593 zu Basel a gestuerwen den 19. Juni 1650 zu Langenschwalbach, war e Schwäizer-däitsche Graveur an Editeur.

Matthäus Merian
Gebuer 22. September 1593
Basel
Gestuerwen 19. Juni 1650
Bad Schwalbach
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, Schwäiz
Aktivitéit Kartograph, Editeur, Graphiker, Moler, Kofferstiecher, Graveur, Illustrateur

Hie koum aus der Basler Famill Merian. Hien huet eng Hellewull Landkaarten, Vuë vu Stied a Chronike publizéiert.

Säin Haaptwierk ass d'Topographia Germaniae. Dës ass tëscht 1642 a 1654, a 16 Bänn, mat Texter vum däitsche Geograph Martin Zeiler (1589-1661), erauskomm. Dono koumen nach bis 1688 weider Stied doruechter an Europa no. D'Gesamtwierk emfaasst 92 Kaarten a 1.486 Koffer-Gravurë mat 2.142 Vuë vu Stied, Uertschaften, Buergen a Kléischter, déi op 30 Bänn verdeelt waren. Et war dëst dat gréisst Publikatiounswierk vu senger Zäit.

Literatur änneren

  • Catalog zu Ausstellungen im Museum für Kunsthandwerk Franckfurt am Mayn (15. September – 7. November 1993) und im Kunstmuseum Basel (27. November 1993 – 13. Februar 1994) als unsterblich Ehren-Gedächtnis zum 400. Geburtstag des hochberühmten Delineatoris (Zeichners), Incisoris (Stechers) et Editoris (Verlegers) Matthaeus Merian des Aelteren. Museum für Kunsthandwerk, Frankfurt am Main 1993, ISBN 3-88270-065-3.
  • Johann Heinrich Eckardt: Matthaeus Merian – Eine kulturhistorische Studie. Reprint der 2. Auflage Kiel 1892 mit einem Vorwort von Carsten Berndt, Rockstuhl, Bad Langensalza 2015, ISBN 978-3-86777-960-9.
  • Lucas Heinrich Wüthrich: Matthaeus Merian d. Ä. Eine Biographie. Hoffmann und Campe, Hamburg 2007 (Lizenzausgabe: Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 2007).
  • Lucas Heinrich Wüthrich: Das druckgraphische Werk von Matthäus Merian d.Ä. Band 1 und 2: Basel 1966, Band 4: Hamburg 1996.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Matthäus Merian – Biller, Videoen oder Audiodateien