De Mathias Ruden, gebuer den 23. Oktober 1874 zu Konsdref, an och do gestuerwen den 13. Januar 1946[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Mathias Ruden
Gebuer 23. Oktober 1874
Gestuerwen 13. Januar 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Vu Beruff war hie Bauer an hien hat weider keng Schoule gemaach. Hien huet sech vill mat der Mammesprooch ofginn an ettlech Theaterstécker fir d'Duerfjugend geschriwwen. Déi handele vu fréiere Bräich beim Kanddaf, Kiermes, Hochzäit, Begriefnes, vun ale Spréchwierder a Vollekslidder a komeschen Typpen an hire Spiichten, déi him deelweis vu sengem Papp iwwerdroe goufen. Si beschreiwen d'Liewe vum klenge Bauerevollek an enger säfteger Sprooch.

Beim Schoulgesetz vun 1912 huet hie bäigedroe fir d'Lëtzebuergesch als Flichtfach an der Primärschoul anzeféieren. Enn 1945 gouf de Mathias Ruden als Member vum Institut grand-ducal gewielt.

Wierker änneren

  • D'Fraen um Kanddaf an der aler Zeit
  • Eng Ucht an der aler Zeit
  • D'Goldfrächen
  • D'Dame-Blanche vum Möllerdall.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am LW vum 15. Januar 1946 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-07-24.