Mathias Meysembourg

lëtzebuergesche Moler

De Mathias Meysembourg, gebuer den 30. Januar 1864 zu Hueschtert bei Nidderaanwen, a gestuerwen den 23. Juni 1917 op der Polvermillen, war e lëtzebuergesche Moler.

Mathias Meysembourg
Gebuertsnumm Mathias Meisenbourg
Gebuer 30. Januar 1864
Hueschtert
Gestuerwen 23. Juni 1917
Polvermillen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Liewen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Mathias Meysembourg war e Jong vum Franz Nicolas Meysembourg, Bauer (Ackerer), an der Anna Maria Haas[1]. Hie war fir d'éischt mat der Helena Mullenberger bestuet, déi 1892 gestuerwen ass. 1895 huet hie sech an der Stad Lëtzebuerg mat der Leonore Laura (Nora) Schliep, gebuer zu Batavia (haut Jakarta an Indonesien), bestuet[2].

1897 huet de Grand-Duc Adolphe hie mat der Sëlwermedail fir Konscht a Wëssenschaften ausgezeechent[3].

Wierker änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Gebuertsschäin n° 9, Nidderaanwen, 30. Januar 1864
  2. Bestietnes-Zertifikat n° 100. Lëtzebuerg, 25. November 1895
  3. "Echos", L'Indépendance luxembourgeoise, 5. Augustus 1897