Massimo Martino
lëtzebuergesche Sportler
De Massimo Martino, gebuer den 18. September 1990 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Massimo Martino | |
---|---|
Gebuer |
18. September 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Veräin/Ekipp |
Racing FC Union Lëtzebuerg, Jeunesse Esch, RM Luxembourg City, F91 Diddeleng, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, F91 Diddeleng, CS Gréiwemaacher, Fola Esch |
Hien huet seng Foussballscarrière beim Racing FC Union Lëtzebuerg ugefaangen an ass du bei de Wuppertaler SV gewiesselt. Vun 2010 bis 2012 huet hie fir den FC RM Hamm Benfica gespillt an duerno ass hie bei den F91 Diddeleng gewiesselt.[2]
Tëscht dem 27. Mee 2008 an dem 17. November 2013 huet hie 17-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt
.[3]