D'Massalia-Asteroide sinn eng Familljegrupp vun haaptsächlech S-Typ - Asteroiden an der bannenzeger Haaptceinture bei klenger Inklinatioun.

Dee gréisste vun der Grupp ass den Massalia mat engem Duerchmiesser vu ronn 150 km. Ongeféier 0,8% vun de bekannten Asteroide gehéieren zu dëser Famill. Et gëtt ronn 20 grouss Massalia-Asteroiden, z. B. : Puccini, Rameau an 1990 RW3. De Rescht sinn alleguer kleng Fragmenter, déi duerch en Impakt entstane sinn.

Et gëtt awer och nach e puer Asteroiden, déi duerch iergendeen Ëmstand bei déi Grupp komm sinn, sief et wéinst engem Zesummestouss oder enger Verännerung vun der Bunn duerch Gravitatioun vun engem gréisseren Himmelskierper. Si ënnerscheede sech meeschtens och duerch en anere Spektrum. Zu deenen Asteroide gehéieren ë. a.: Muchachos, Švejcar an Hessen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie