Martin Weinek

éisträicheschen Theater- a Filmschauspiller

De Martin Weinek gebuer de 5. Juni 1964 zu Leoben ass en éisträicheschen Theater- a Filmschauspiller.

Martin Weinek
Gebuer 30. Juni 1964
Leoben
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Wënzer, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
De Martin Weinek (riets) mam Denise Zich an dem Kaspar Capparoni.

Aktuell spillt en d'Roll vum Inspekter Kunz an der Serie Kommissar Rex.

Hien huet säi Studium als Schauspiller vun 1983 bis 1986 beim Peter Jost gemaach.

Vun 1986 un huet hie fir d'éischt an der Theatergrupp 80 zu Wien geschafft a krut do seng éischt kleng Roll am Stéck „Nachsaison“, wou hien e Liftboy gespillt huet.

1987 spillt hie bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen ënner der Regie vum Georg Mittendrein am Stéck „Der Lechner Edi schaut ins Paradies“ an am Film „Müllomania“ ënner der vum Dieter Berner. Duerno hat hien en Engagement am Jura Soyfertheater Wien (1988-1989) an Engagementer op aneren Theaterbünen; donieft ass hie Regisseur, Dramaturg a Produzent. Vun 1990 bis 1991 hat hien déi kënschtleresch Leedung vum Hernalser Stadtheater.

Dertëscht huet hien ëmmer erëm beim Film a fir d'Televisioun geschafft, wéi z. B. 1989 an der Televisiounsserie „Calafati Joe“.

Zesumme mat senger Fra Eva, déi no hire Studien an Theaterwëssenschafte fir d'éischt als Dramaturgin geschafft huet, ass hien nieft der Schauspillerei och nach Wënzer. Déi zwee bedreiwe bei Heiligenbrunn dräi Hektar Wéngerten.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Martin Weinek – Biller, Videoen oder Audiodateien