De Martin Skytte, gestuerwe 1550, war ee schweedesche Geeschtlechen a Bëschof, deen d'Ëmstellung vu sengem Land, inklusiv Finnland, op de Protestantismus ageleet huet.

De Martin Skytte, deen Dominikanermënch gi war, gouf der Rei no Prior vum Dominikanerklouschter vu Sigtuna, Generolvikar vu sengem Uerden a Schweden a Visitator a Skandinavien. Hie stoung dem Kinnek Gustav I. Wasa ganz no a gouf vun deem, ouni poopstlech Zoustëmmung, 1528 zum Bëschof vun Turku (Abå) a Finnland ernannt. De Skytte war awer ee Mann vum Ausgläich an huet nach keen abrupte Broch mat de kathouleschen Traditioune gepriedegt, och wa Schweden deemools, mat der Ënnerstëtzung vum Kinnek, um beschte Wee war, fir definitiv protestantesch ze ginn. Dem Skytte säin Nofollger zu Turku, de Mikael Agricola, gëllt allerdéngs als de Reformateur vu Finnland.

Literatur änneren

  • Simo Heininen & Markku Heikkilä, Kirchengeschichte Finnlands ; Göttingen, 2002.
  • (Abbé) René Aubert de Vertot, Histoire des révolutions de Suède, où l'on voit les changements qui sont arrivés dans ce royaume au sujet de la religion et du gouvernement ; 2 Bänn; Paräis, Librairie de Lecointe (Quai des Augustins, n° 49), 1830 (Reeditioun); 216 S. & 208 S. - Éischt Editioun vun deem interessante Wierk: 1696.