D'Martin Marietta Corporation war en US-amerikanesche Mëschkonzern, deen haaptsächlech am Raumfaart- a Rëschtungssektor aktiv war a vun 1961 bis 1995 bestoung.

Martin Marietta Corporation
Form vun Entreprise Corporation
Sëtz Bethesda, Maryland
Art vu Fuerschung Rakéitebau
Fächer Naturwëssenschaft
Fachgebidder Raumfaart, Baumaterial
Grënnung 1961
Opléisung 1995
Opléisungsgrond Fusioun mat der Lockheed Corporation

Firmegeschicht änneren

D'Martin Marietta Corporation entstoung 1961 duerch d'Fusioun vun der Loftfaart- a Rëschtungsentreprise Glenn L. Martin Company mam Baustoffkonzern American-Marietta Corporation (Faarwen, Baumaterial). D'Firma war a verschiddene Sparte mat verschiddene Duechterfirmen (z. B. Martin Marietta Materials, Martin Marietta Aluminum) aktiv an huet ënner anerem Fliger a Fligerdeeler, Zement an aner Material, Dreifwierker an Aggregater, Elektronik a cheemesch Produkter produzéiert. D'Firma huet vum Weltraumconcours tëscht den USA an der Sowjetunioun profitéiert. D'Glenn L. Martin Company hat schonn Erfarung mam Bau vu ballistesche Rakéite a Marschfluchkierper gesammelt (Matador, Mace, Viking-Rakéit, Vanguard-Projet). Zu de bekanntste Produkter vum Konzern zielen d'Titan-Interkontinental, d'Titan-Drorakéit an d'Pershing-Mëttelstreckerakéit, déi nach an den 1950er Jore vu Martin entwéckelt gouf.[1]

1982 hat e feindlechen Akaf duerch d'Bendix Corporation gedreet. Fir dat ze verhënneren huet Martin Marietta alles wat net zu de Kärgeschäftsberäicher gezielt huet, verkaf. Martin Marietta hat dës Schluecht iwwerstanen a blouf eng eegestänneg Entreprise, Bendix dogéint gouf vun der Allied Corporation iwwerholl. 1993 huet d'Firma d'Loftfaartspart vu General Electric souwéi d'Raumfaartdepartement vun General Dynamics iwwerholl. 1995 koum d'Fusioun mat der Lockheed Corporation zu Lockheed Martin an de Kaf vun der Dravo Corporation (Aggregater). 1996 huet sech Lockheed Martin vun der Spart Martin Marietta Materials getrennt, aus där eng eegestänneg Firma entstoung, déi dann nees am Joer 1997 vun der American Aggregates Corporation kaf gouf.

Entwécklungen (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Martin Marietta Materials: History Page