D'Marie Luise Kaschnitz, eigentlech Freifrau von Kaschnitz-Weinberg, gebuer den 31. Januar 1901 zu Karlsruhe, a gestueren den 10. Oktober 1974 zu Roum, war eng däitsch Lyrikerin a Schrëftstellerin vun Erzielungen. Si huet och als Universitéits-Dozentin fir Poetik geschafft.

Marie Luise Kaschnitz
Gebuer 31. Januar 1901
Karlsruhe
Gestuerwen 10. Oktober 1974
Roum
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Guido Kaschnitz von Weinberg

Hiert Liewen änneren

Si ass zu Berlin, Potsdam a Bollschweil opgewuess. Vun 1922 bis 1924 huet si zu Weimar a München eng Léier als Buchhändler gemaach an du vun 1924 un an engem Antiquariat zu Roum geschafft.

1925 huet si den Archeolog Guido Freiherr von Kaschnitz-Weinberg bestuet, dee si an de Joren drop op sengen archeologesche Studiereesen duerch Italien, Griicheland, Nordafrika an d'Tierkei begleet huet. Si ass 1932 op Königsberg, dat haitegt Kaliningrad, geplënnert, 1937 op Marburg un der Lahn, 1941 op Frankfurt am Main, 1953 op Roum an 1958 nees zeréck op Frankfurt.

Hir Wierker (Auswiel) änneren

  • Liebe beginnt (1933)
  • Elissa (1937)
  • Gedichte (1947)
  • Totentanz und Gedichte zur Zeit (1947)
  • Zukunftsmusik (1950)
  • Ewige Stadt (1952)
  • Das Haus der Kindheit (Autobiographie, 1956)
  • Lange Schatten (1960)
  • Dein Schweigen – meine Stimme (1962)
  • Hörspiele (1962)
  • Wohin denn ich: Aufzeichnungen (1963)
  • Ein Wort weiter (1965)
  • Ferngespräche (1966)
  • Die fremde Stimme (1969)
  • Eines Tages
  • Was war das für ein Fest? (Eng Kuerzgeschicht, bäi där e klenge Jong, deen den Niklosdag net kennt, seng Mamm duerno ausfreet. Heibäi gëtt d'Symbolik vum Niklosfest däitlech.)

Gielercher (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Marie Luise Kaschnitz – Biller, Videoen oder Audiodateien