Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Marguerite vu Busbach, spéiderhi bekannt als Sœur Monique, gebuer den 20. Januar 1579[1] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 10. September 1651[2], war eng lëtzebuergesch Nonn.

Marguerite vu Busbach
Gebuer 20. Januar 1579 jul.
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. September 1651
Lëtzebuerg
Aktivitéit Nonn

1627 huet si zesumme mat der Anne-Marie de Mansfeld d'Congrégation de Notre-Dame an der Stad gegrënnt[2]. Dësen Akt gëllt als d'Grënnung vun der haiteger École privée Notre-Dame Sainte-Sophie.

Dat fréiert Klouschter

Si gouf an der Krypta vun der Dräifaltegkeetskierch begruewen.

An der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss no hir benannt: rue Marguerite de Busbach (L-1269).

Referenzen änneren

  1. Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert op 2020-02-01. Gekuckt de(n) 2020-04-05.
  2. 2,0 2,1 Neyen, Auguste (1842). Notice historique sur la famille de Wiltheim. J.P. Kuborn, Marché-aux-Herbes, 264. Säit 19