Haaptmenü opmaachen

D'Margot Guion, gebuer de 15. November 1937 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin.

No der Primärschoul ass d'Margot Guion op d'Haushalteschoul zu Virton gaangen, An hire fräie Momenter huet se Molcoursen beim franséische Professer Henri Fürtz geholl.

Si ass Autodidakt a moolt virun allem Portraiten. Si bleift am Figurativen a schafft am léifste mat Uelegfaarwen.

D'Margot Guion ass bestuet an huet 3 Kanner.

AusstellungenÄnneren

  • Gruppen: Mondorf, Veianen, Näerzeng
  • Individuell: Esch-Uelzecht

QuellÄnneren