De Marco Godinho, gebuer 1978 zu Salvaterra de Magos am Portugal, ass e Kënschtler, deen haaptsächlech zu Lëtzebuerg an zu Paräis lieft a schafft.

Marco Godinho
Gebuer 1978
Salvaterra de Magos
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Kënschtler

Hien huet tëscht 2000 an 2005 op der École nationale supérieure d'art zu Nanzeg, op der École cantonale d'arts zu Lausanne an op der Kunstakademie Düsseldorf studéiert an dat Joer drop e Post-Graduat am Atelier national de recherche typographique zu Nanzeg gemaach.[1]

2019 huet hien am Lëtzebuerger Pavillon, der Sale d'Armi vum Arsenale, op der Biennale fir modern Konscht zu Venedeg ausgestallt. Et war eng Installtioun mam Numm Written by Water.[2]

Ausstellungen (Auswiel) änneren

Eenzelausstellungen änneren

  • Musée d'art moderne Nice (2016)
  • Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain (2013)
  • Faux Mouvement - centre d'art contemporain zu Metz (2013),
  • Neuer Kunstverein Aschaffenburg (2012),
  • Espace pour l'art Arles (2012),
  • Mois de la Photo Montréal(2011),
  • Instituto de Camões Luxembourg (2008, 2011),
  • Centre d'arts plastiques et visuels Lille (2009),
  • La chaudronnerie Frac Champagne-Ardenne Reims (2007),
  • Hervé Bize Gallery Nanzeg (2007, 2009, 2012).

Literatur änneren

  • Written by Water. Luxembourg, Berlin: Casino Luxembourg, Hatje Cantz, 2020 [Katalog iwwer de Pavillon vu Venedeg an Anthologie].

Referenzen änneren

  1. (en)Biographie op marcogodinho.com.
  2. (fr) "L'Arsenale de Marco Godinho dévoilé à Venise." wort.lu, 09.05.2019.