De Marc Conrad, gebuer de 7. Oktober 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmproduzent[1], Mediemanager[2], an de Grënner vum Filmstudio ConradFilm.[3]

Marc Conrad
Gebuer 7. Oktober 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmproduzent

Karriär änneren

No senger Première, 1979 am Kolléisch, huet de Marc Conrad vun 1980 bis 1983 op der Université libre de Bruxelles studéiert[4] Niewelaanscht war hie fräie Mataarbechter bei der franséischer an der lëtzebuergescher Tëlee a beim Lëtzebuerger Journal.

1983 huet hie seng Karriär als Nochriichteredakteur bei RTL plus ugefaangen.[4] 1987 gouf e Chef vun der Nochriichteredaktion, an 1988 perséinleche Referent vum RTL-Manager Helmut Thoma. 1990 gouf e Prokurist vum Sender a war ë. a. responsabel fir Film- a Serieproduktioun. 1992 gouf e Programmdirektor vun RTL Television an 1994 Directeur-adjoint. Ënner senger Supervisioun goufen eng ganz Rëtsch Noriichten- a Soap-Formater agefouert.

Wéi den Helmut Thoma bei RTL opgehalen huet, huet de Marc Conrad zesumme mam Friedrich Wildfeuer d'Filmproduktiounsgesellschaft Typhoon Networks AG gegrënnt.[4], déi ë. a. de Film Das Experiment produzéiert huet. Fir d'Tëleesserie Abschnitt 40 krut en 2003 beim Festival de Télévision de Monte-Carlo de Präis Outstanding European Producer of the Year, an 2003, 2004 an 2005 den Deutsche Fernsehpreis als Produzent fir déi Bescht Serie. Déi Zäit gouf hien och Member vum Conseil d'Administration vun der Schwäizer Highlight Communications AG

Am November 2004 goung hie bei den RTL Group hannescht, huet awer schonn no 3 Méint nees misse goen[5]

Am Mee 2005 gouf hie Member vum Conseil de Surveillance vu Constantin Film a vu September 2005 u Produzent an Direkter vun Typhoon AG. Déi goung 2009 faillite.

De Marc Conrad ass Member vun der Deutsche Filmakademie, der Europäescher Filmakademie an der Produzentenallianz. Hie war eng Zäit laang Jury vum Deutscher Fernsehpreis.

Hien ass bestuet an huet dräi Kanner.[6]

Filmographie (Auswiel) änneren

Produzent

Wierker änneren

  • Wilhelm Salber, Marc Conrad: Goethe zum Film: Morphologische Markt- und Medienpsychologie. Bouvier Verlag, 2006, ISBN 978-3416031554
  • Dirk Blothner, Marc Conrad: Invasion! TV Muster erobern den Fernsehmarkt. Bouvier Verlag, 2008, ISBN 978-3416031271

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. [1]
  3. Ein Interview mit Marc Conrad op casting-network.com.
  4. 4,0 4,1 4,2 Marc Conrad bei kress.de, abgerufen am 10. Juli 2014
  5. "Überraschende Entlassung: RTL-Chef Conrad muss gehen." op spiegel.de
  6. Porträt: Marc Conrad op handelsblatt.com.