Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Manuel Poggiali, gebuer de 14. Februar 1983 zu Borgo Maggiore[1], ass e fréiere san-marineesesche Motorradcoureur[2], Futsalspiller[3] an Ex-Foussballspiller (Mëttelfeld)[4].

Manuel Poggiali
Gebuer 14. Februar 1983
Borgo Maggiore
Nationalitéit San Marino
Aktivitéit Motorradcoureur, Foussballspiller, Futsalspiller

De Poggiali huet seng Profiscarrière am Motorradsport 1999 ugefaangen[5] an 2006 opgehalen, mat engem kuerze Comeback 2008[6]. Hie war zweemol Weltmeeschter, am Joer 2001 an der 125cc-Klass an 2003 an der 250cc-Klass[7].

No der Motorradcarrière huet hie Foussball[4], an duerno Futsal gespillt. Hie war am Kader vun der san-marineesescher Futsalnationalekipp[3][5],[8]. Als Foussballspiller, huet hie vun 2014 bis 2017 fir den SS Pennarossa (SMR) gespillt[4].

Zanter 2017 schafft hien als Trainer fir Motorradcoureuren an Italien[7].

Referenzen änneren

  1. http://www.elezioni.sm/on-line/home/elezioni-giunte/elezioni-del-07062009/generalita/lista-candidati.html
  2. Archive copy Archivéiert op 2018-06-05. Gekuckt de(n) 2018-05-15.
  3. 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert op 2016-04-10. Gekuckt de(n) 2018-05-15.
  4. 4,0 4,1 4,2 https://www.eurosport.com/football/manuel-poggiali_prs403555/person.shtml#personinfo
  5. 5,0 5,1 https://www.motorsport-magazin.com/motogp/news-113917-poggiali-wird-fussballer/
  6. https://www.motorcyclenews.com/sport/motogp/2007/november/nov1907motogpmanuelpoggialitomake250gpcomebackin2008/
  7. 7,0 7,1 http://www.speedweek.com/moto2/news/112833/Ex-Weltmeister-Manuel-Poggiali-Riding-Coach-in-CIV.html
  8. http://www.corrieredellosport.it/news/moto/motomondiale/2016/08/26-14775390/moto_manuel_poggiali_gioca_la_champions_di_calcio_a_5/