De Manfred Eigen, gebuer den 9. Mee 1927 zu Bochum a gestuerwen de 6. Februar 2019[1] war en däitsche Bio- a Physikochemiker an den Direkter vum Max-Planck-Institut für biophysikalische Chemie zu Göttingen. Den Eigen krut 1967 fir seng Aarbechten iwwer d'Moosse vun der Vitess vu séiere biocheemesche Reaktioune mat Hëllef vun der Relaxatiounsmethod den Nobelpräis fir Chimie (zesumme mam Ronald George Wreyford Norrish a mam George Porter.

Manfred Eigen
Gebuer 9. Mee 1927
Bochum
Gestuerwen 6. Februar 2019
Göttingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Chimist, Physiker, Akademiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Biophysiker
Member vun Royal Society, Akademie der Wissenschaften der DDR, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Berlin-Brandenburgische Akademie der Wissenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization, Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea

Méi spéit huet hie sech mat der Erfuerschung vun der Evolutioun befaasst. Hien huet ënnersicht, wéi Nukleinsaieren, duerch Polymerase vervillfältegt an duerch Nukleasen ofgebaut ginn. Andeems en dës Op- an Ofbauzykle widderholl huet, hu sech bannent Stonnen Nukleinsaiere gebilt, déi duerch Mutatioun géint den Ofbau duerch d'Nuklease resistent gi waren.

Hien huet och zwou Biotechnologiefirme gegrënnt, Evotec an Direvo.

Publikatiounen änneren

  • Molekulare Selbstorganisation und Evolution (Self organization of matter and the evolution of biological macro molecules). In: Die Naturwissenschaften. Band 58 (10), S. 465–523, Springer, Berlin/Heidelberg 1971, ISSN 0028-1042.
  • Mam Ruthild Winkler: Das Spiel. Naturgesetze steuern den Zufall. Piper, München/Zürich 1975, ISBN 3-492-02151-4 (14 Auflagen); Neuauflage: Rieck, Eschborn 2010–2016 (6. Auflage), ISBN 978-3-924043-95-7 (das Buch wurde in 6 Sprachen übersetzt).
  • Mam Peter Schuster: The Hypercycle – A Principle of Natural Self-Organization. Springer, Berlin 1979.
  • Stufen zum Leben. Piper, München/Zürich 1987.
  • Perspektiven der Wissenschaft – Jenseits von Ideologien und Wunschdenken. DVA, Stuttgart 1988, ISBN 3-421-02752-8.
  • Peter Frieß, Andreas Fickers (Hrsg.): Wolfgang Frühwald und Manfred Eigen sprechen über die Neugier als Antrieb wissenschaftlichen Arbeitens (= TechnikDialog, Heft 1). Deutsches Museum, Bonn 1993,
  • From Strange Simplicity to Complex Familiarity. A Treatise on Matter, Information, Life and Thought. Oxford University Press, Oxford 2013, ISBN 978-0-19-857021-9.

Literatur änneren

  • Professor Eigen zum 80. Geburtstag. Sonderteil in MPIbpc News. [Hauszeitung des MPI für biophysikalische Chemie], Heft Mai 2007.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Manfred Eigen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Göttinger Nobelpreisträger Manfred Eigen verstorben." mpibpc.mpg.de, 2019-02-07.