E Maler (dt. Malter) ass eng fréier Huelmooss.

Fir all Regioun oder Stad war et eppes aneschters, a souguer op der selwechter Plaz huet et heiansdo eppes aneschters bedeit jee nodeem wéi enger Wuer hire Volume gemooss gouf.

Fir Fruucht huet d'Kommissioun vun de Gewiichter a Moosse vum Département des Forêts 1798 festgehalen, datt 1 Maler genee 10 Sieschter entsprieche géif[1]. Well de Volume vun engem Sieschter ofhängt vun der Fruucht, do rechne mer also:

De Maler gouf awer och geholl fir Gromperen ofzemoossen. Am Guttland huet 1 Maler Gromperen 8 Sieschter entsprach[Wéini ?], wat eng 4 Zenner waren. Am Éislek dogéint huet ee fir 1 Maler Grompere mat 5 Zenner gerechent.[2]

Referenzen änneren

  1. Le rapport de la Commission des Poids et Mesures du Département des Forêts (1798), in: Hémecht, 1977, Heft 4, S. 534
  2. Luxemburger Wörterbuch