De Begrëff Majowka (russ. маёвка) bezeechent ursprénglech eng illegal russesch Aarbechterversammlung fir den 1. Mee, a gëtt hautdesdaags fir all éischte Mee Feier respektiv Fréijoersausfluch an d'Natur gebraucht.

Den 23. Abrëll 1900 hunn de Josef Djugaschwili, de Wano Sturua an de Sakro Tschodrischwili eng illegal Versammlung vun de revolutionär agestallten Aarbechter organiséiert, op déi sech eng 400-500 Aarbechter afonnt hunn. Dëst huet sech zu engem Evenement entwéckelt, dat bis zum Joer 1917 all 1. Mee baussent der Stad opgezu gouf.

No dëser Feier vum Internationalen Dag vun der Aarbecht sinn och verschidden Dierfer a Russland benannt ginn. Déi bekanntst Uertschaft mat deem Numm däerft e bis 1945 Georgenburg genanntent an haut an d'Stad Tschernjachowsk am Oblast Kaliningrad agegliddert Duerf sinn, dat duerch seng gutt erhale Buerg vum Däitschen Uerden a seng Trakehnerzuucht op sech opmierksam gemaach huet.