Mahinda Rajapaksa

sri-lankesesche Politiker a fréiere Staatspresident

De Mahinda Rajapaksa (och Rajapakse), gebuer den 18. November 1945 zu Weeraketiya a Sri Lanka, ass e sri-lankesesche Politiker a fréiere Staatspresident.

Mahinda Rajapaksa
Gebuer 18. November 1945
Nationalitéit Sri Lanka
Aktivitéit Politiker, Affekot, Gewerkschaftler
Famill
Geschwëster Gotabhaya Rajapaksa

Hie war vum 6. Abrëll 2004 bis den 19. November 2005 Premierminister. De 17. November 2005 huet hie mat 50,33 % géint de Ranil Wickremesinghe, säi Virgänger als Premier, d'Presidentschaftswale vu sengem Land gewonnen. Zwéin Deeg drop gouf hien a säin neit Amt agefouert.

2010 gouf hie fir weider 5 Joer erëmgewielt. Am Januar 2015 huet en nees kandidéiert, d'Walen awer dës Kéier géint de Maithripala Sirisena verluer.

No villem Hin an Hier, ware seng Relatiounen 2018 mam President Sirisena nees gutt, a sou gouf hie vun Oktober 2018 un, rëm Premierminister vum Sri Lanka. Hie krut awer kee Vertraue vum Parlament (hien huet de Vertrauensvott verluer). Doropshin, huet hien no nëmme 50 Deeg, de 15. Dezember 2018, säi Récktrëtt ugekënnegt.

Bei de Presidentsschaftswalen 2019, gouf säi Brudder Gotabaya Rajapaksa als President gewielt. De Mahinda Rajapaksa gouf dunn nees Premierminister.

Um Spaweck

änneren
Commons: Mahinda Rajapaksa – Biller, Videoen oder Audiodateien