Magnetosaurus Nostalgodon

Magnetosaurus Nostalgodon ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Jean-Marc Lantz, deen am Juli 2019 bei Capybara Books erauskoum.

Et ass dem Lantz säin éischte Roman. Vereenzelt Kapitelen an Dialoge sinn op Englesch.

Ëm wat geet et am Buch? änneren

Erzielt ginn d'Erliefnesser an d'Gedanke vum Joé, engem jonke Mann vu Péiteng, an den 1980er Joren. Mat senge Kolleegen huet hien eng Band, The Scarecrow, gegrënnt. Méi spéit, wéi e bis um Cours universitaire an op der Uni a Wales ass, sinn et éischter seng komplizéiert amouréis Bezéiungen, déi am Mëttelpunkt stinn...

Kuckt och änneren

Literatur änneren