Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Dragqueen. Fir d'Kinnigin vu Sierra Leone, kuckt wgl. Madam Yoko.
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Cf. fr: Plusieurs "sources" ne sont pas sur le sujet de l’article. Au final, des paragraphes entiers ne sont pas sourcés par des sources sur le sujet de l’article.

D' Madame Yoko, eigentlech Ian Lejeune, gebuer 1990 zu Cần Thơ am Vietnam, ass eng belsch Dragqueen, déi zu Lëtzebuerg wunnt an zu Réiden de Bistrot Barnum bedreift.

Madame Yoko

Biographie änneren

Kandheet an Educatioun änneren

De Ian Lejeune gouf am Alter vun dräi Joer vu belschen Elteren adoptéiert. Hien ass zu Réidel, bei Maartel opgewuess. Säi Papp, de Jean-Pol Lejeune (1952-2018), war Englesch-Professer am Athénée Royal zu Attem. Seng Mamm, d'Marie-Paule Huberty, ass pensionéiert Léierin vu Maarteleng. Als eenzegt Kand ass de Ian Lejeune an enger Famill opgewuess, déi fir Konscht a Literatur op ass. Säi Papp war fräischaffende Journalist bei der Zeitung La Meuse an huet och BDe gesammelt.[1] Dat huet dozou gefouert datt de Ian säi Bühnennumm Yoko gewielt huet, deen op der Bande Dessinée Yoko Tsuno vum Roger Leloup baséiert, déi säi Papp him als klengt Kand virgelies huet. Hien ass och de Koseng vum Schrëftsteller Patrick McGuinness, deen iwwer säi Papp an de Ian a sengem Buch "Vide grenier" schreift.[2]

Nom Lycée am Athénée Royal zu Arel, wou hie gär Bünendesign studéiere wollt, hu seng Elteren him nogeluecht, léiwer Innenarchitektur ze studéieren, fir d'éischt op der ESA Saint-Luc zu Léck a spéider zu Bréissel. Hien huet säi Masterstudium mat enger Spezialisatioun am Erhale vum architektonesche Patrimoine am Joer 2015 ofgeschloss.[3]

Am August 2015 koum hie fir d'éischt a Kontakt mat der Dragwelt, wéi hie säi laangjärege Frënd, de Regisseur Quentin Van Roye, op eng Dragshow an der Boule Rouge zu Bréissel begleet huet.[4]

Carrière änneren

D'Madame Yoko gouf de 16. Abrëll 2016 gebuer, wéi den Ian Lejeune fir d'éischte Kéier op der Bühn vun der Boule Rouge zu Bréissel op Invitatioun vu senger Dragmamm Catherine d'Oex opgetrueden ass.[5] Bei dëser Geleeënheet huet hien nach ëmmer den Numm Lady Sushi, deen hien spéider op Madame Yoko geännert huet. Zwee Joer laang stoung hie regelméisseg op der Bühn vun der Boule Rouge, währenddeems hie regelméisseg tëscht Bréissel a Lëtzebuerg pendelt, wou hien geschafft huet.[6][7]

Während dëser Zäit ass d'Madame Yoko nieft dem Leona Winter, LaDiva Live, Catherine d'Oex a Lara Fullcamp opgetrueden.[8]

Den 2. Dezember 2018 huet si um éischten Drag-Concours zu Lëtzebuerg "Drag against AIDS" deelgeholl an d'Kroun gewonnen.[9] Bei dëser Geleeënheet begéint si hir zukünfteg Drag Duechter, Medusa Venom, fir d'éischte Kéier a gewënnt géint si de Lip-Sync Concours.[10] No dëser Aventure gëtt si Spriecherin fir d'HIV-Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz am Kader vum Aids-Preventiounsprojet "Sidaction".[11]

Am September 2023 huet d'Madame Yoko un der Verfilmung vun der zweeter Staffel vun Drag Race Belgique (gesend 2024) deelgeholl, wou si op déi aachte Plaz koum.[12] Si ass déi éischten Dragqueen aus Lëtzebuerg, wou un dëser Emissioun deelgeholl huet.[13][14]

Während dem November 2023 hat si e Gaaschtoptrëtt am Pulverfass Cabaret zu Hamburg.

Brasserie Barnum - Cabaret Madame änneren

Nodeems den Ian Lejeune eng Zäitchen als Manager an engem Usträicherbetrib an duerno als Verkeefer an engem Geschäft fir Bannenariichtung geschafft huet, huet hien 2019 mat sengem Partner Alex Goedert säin eegene Restaurant a Cabaret zu Lëtzebuerg, de Cabaret Madame, opgemaach.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (fr)Jean-Claude Fonck, Martelange vous souhaite la bienvenue. lavenir.net (2024-03-14). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  2. (fr)'Vide-grenier', le nouveau roman de Patrick McGuinness nous emmène à Bouillon. RTBF. Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  3. (fr)Nicolas Guidi, Ian Lejeune (Martelange), alias Madame Yoko, participe à Drag Race Belgique : « les gens ont encore beaucoup de préjugés ». lavenir.net (2024-03-14). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  4. (fr)Transformisme et scène ouverte à Rédange. sudinfo.be (2019-07-11). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  5. (fr)Lëtzebuerger Land, L’envol de Madame Yoko. Lëtzebuerger Land (2022-08-12). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  6. (fr)Barnum, le cabaret résilient. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  7. (fr)D’architecte d’intérieur à dragqueen: découvrez l’incroyable parcours de vie de l’Arlonais Ian Lejeune alias Madame Yoko et de son cabaret Barnüm à Redange sur Attert. sudinfo.be (2023-06-12). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  8. (fr)Alex, Catherine D. - Libre !. Barnum (2023-10-22). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  9. (de)Melody Hansen, Drag Queens erheben Stimme gegen Aids und begeistern mit einem außergewöhnlichen Charity-Event. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  10. (de)Über Könige und Königinnen. Lëtzebuerger Journal. Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  11. (fr)Maëlle Gillet, Journée Mondiale du Sida : Mettre fin aux inégalités. Mettre fin au sida. Mettre fin aux pandémies. -. www.croix-rouge.lu (2021-12-01). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  12. (de)„Drag Race Belgique“: Darum musste Madame Yoko gehen. luxemburger-wort-online (2024-03-14). Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  13. (fr)Ian Lejeune, Alias Madame Yoko seule représentante de la province du Luxembourg dans l’émission Drag Race Belgique. RTBF. Gekuckt de(n) 2024-03-14.
  14. (de)Madame Yoko aus Ell rockt nicht nur bei „Drag Race Belgique“ die Bühne. luxemburger-wort-online (2024-03-14). Gekuckt de(n) 2024-03-14.