Mémorial de la déportation juive Esch-Uelzecht

D'Mémorial de la déportation juive zu Esch-Uelzecht ass eng Erënnerungsplaz un déi Escher Judden, déi an der Zäit vum Zweete Weltkrich a Konzentratiounslageren deportéiert goufen, vu wou, ausser dräi, kee vun hinne méi erëmkomm ass.

Mémorial de la déportation juive Esch-Uelzecht
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'43,73"N, 5°58'51,10"O
Ageweit 10. Mee 2005
Héicht 1,3 m
De Site vum Mémorial

Et ass op der Place de la Synagogue ugeluecht, där Plaz, wou vun 1898 bis 1941, wéi s'op Uerder vum Besatzer zerstéiert gouf, d'Escher Synagog stoung.

Haaptstéck vum Mémorial sinn dräi Sailen, déi tëscht 0,3 an 1,3 m héich an uewendrop beschriwwe sinn. Déi mëttels weist eng Foto vun der aler Synagog. Do drënner steet:

En érigeant ce monument, inauguré le 10 mai 2005, la
population de la Ville d'Esch se souvient avec une
émotion profonde des victimes juives innocentes,
massacrées sauvagement par un implacable ennemi.


125 déportés, 3 survivants.

Op de Saile lénks a riets dovu stinn d'Nimm vun deene Leit, déi ermuert goufen.

Kuckt och änneren