Lynds' Catalogue of Bright Nebulae

Den Lynds' Catalogue of Bright Nebulae ass en astronomesche Katalog mat hellen Niwwelen.

LBN 974 besser bekannt ënner dem Numm Orionniwwel

Objeten an dësem Katalog hunn de Prefix LBN(net ze verwiessele mat dem LDN dem Lynds' Catalogue of Dark Nebulae). Vill vun dëse Katalogbezeechnunge gëtt et och an anere Lëschten. Sou ass zum Beispill LBN 974, och besser bekannt ënner dem Numm Orionniwwel, geneesou ze fanne wéi M 42 oder als NGC 1976.

De Katalog gouf an den 1960er Jore vun der Beverly Lynds zesummegestallt.[1] De Katalog huet nieft anerem, virun allem d'Koordinate vun den Niwwelen, en eegent Hellegkeetssystem tëscht 1 a 6, woubäi 1 déi hellst Objete sinn. 6 sinn déi Objeten, déi ee just nach erkenne kann. D'Faarwen an déi visuell Gréisste vun den Objeten an aner Bezeechnunge fënnt een och an dësem Katalog.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Adventures in Deep space - Sharpless objects (Accessed 20/1/2011)
  2. NASA HEASARC Archive - Bright Nebula Catalog info (Accessed 20/1/2011)