Luzia Margareta Niederprüm

D'Luzia (Louise) Margareta Niederprüm, gebuer den 11. September 1843 am Gronn a gestuerwen de 25. Juni 1895[1], war eng lëtzebuergesch kathoulesch Uerdensfra.

D'Schwëster Josepha

Zesumme mat der Anna Bové an dem Paschtouer Nicolas Wies huet si den 28. Mäerz 1872[2] an der Stad de "Verein der hl. Zita für christliche Dienstmägde"[3] gegrënnt. Heiraus ass 1875 d'Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren[4] ervirgaangen; d'Luzia Niederprüm war vun elo un d'Schwëster Maria Josepha (Josefa). Den urspréngleche Veräin huet nieft der Kongregatioun weider funktionéiert.

D'Kongregatioun gouf 1886 un de Karmel ugeschloss an d'Zitaschwësteren hunn elo offiziell "Schwestern des Regulierten Dritten Ordens Unserer Lieben Frau vom Berge Karmel" ("Tertiar-Karmelitinnen") geheescht.[5] Nom Doud vun der Anna Bové (Mutter Paula) huet d'Luzia Niederprüm d'Leedung vun der Kongregatioun an och vum Zitaveräin iwwerholl a war vun elo un d'Mutter Maria Josepha. Si huet hiert Amt bis 1892 ausgeübt.

Literatur änneren

  • Donckel, E., 1967. Die Tertiarkarmeliterinnen in Junglinster. Luxemburg, S. 7-13 (Der regulierte III. Orden U.L.F. vom Berge Karmel in Luxemburg), S. 14-18 (Nikolaus Wies, Stifter der St. Zitaschwestern).
  • Grosber, J.J.: 125 Jahre Werden, Wachsen und Wirken der “Zitaschwestern”. Luxemburger Wort 1997 (25. März), S. 7.
  • Myriam Ney: Paula Bové (1829-1886), eine Frau mit sozialreformatorischem Engagement und sozialem Weitblick. In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 9, April 2007, S. 3; Nr. 10, Juli 2007, S. 3; Nr. 11, Dezember 2007, S. 3.[1]
  • Myriam Ney: Josefa Niederprüm (1843-1894),[6] eine treue Wegbegleiterin und Mitbegründerin der Zithaschwestern. In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 12, April 2008, S. 3-4; Nr. 13, Juli 2008, S. 3-4.[2]
  • Spoden, G., 1972. Nicolas Wies (1817-1879), Stifter der Kongregation der Tertiar-Karmeliterinnen – St.-Zitaschwestern in Luxemburg. Luxemburg, 18 S. (Sonderdr. d. "Luxemburger Wort" v. 15. Januar 1972).
  • Schneiders, B., 2006. Prof. Nicolas Wies. In: Kompress Nr. 8, Dezember 2006, S. 3.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. M. Ney 2007, Kompress, Nr, 10.
  2. Laut: Schneiders 2006, Kompress Nr. 8; Ney 2007, Kompress Nr. 9. — Den Donckel 1967, de Spoden 1972, S. 16, an de Grosber 1997 ginn de 25. Mäerz als Grënnungsdatum vum Veräin un.
  3. Der Zithaverein Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2009-11-30.
  4. Die Zithaschwester
  5. Zum Karmelorden gehörig Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2009-11-30.
  6. richteg ass: 1843-1895.