Luxemburger Volksblatt (1880-1887)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Luxemburger Volksblatt, dat 1880 fir d'éischt erauskoum. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Luxemburger Volksblatt.


Luxemburger Volksblatt war den Titel vun enger Zeitung, déi tëscht dem 4. Januar 1880 an 1887 als eng Bäilag vum Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung erauskoum, dat de Bernard Haal, Präses vum Geselleveräin, 1869 an d'Liewe geruff hat.

Luxemburger Volksblatt
Typ Zeitung
Sprooch Däitsch

Editeur war de Jean-Baptiste Fallize. Et koum ufanks sonndes eraus, vum 2. Abrëll 1884 och nach mëttwochs. Gedréckt gouf et ufanks beim J. Hary, duerno an der Sankt-Paulus-Dréckerei. Ënnertitel war Politisches Beiblatt zum Luxemburger Sonntagsblatt, an de Motto: In diesem Zeichen wirst du siegen.

Wéi de Fallize 1887 zum apostolesche Prefet an Norwegen ernannt gouf, gouf Zeitung agestallt.

Source änneren