Luxembourg School of Religion & Society

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Luxembourg School of Religion & Society (LSRS) ass e lëtzebuergescht Fuerschungsinstitut. Et gouf 2015 als Ofleeër vum Centre Jean XXIII gegrënnt, an ënnersteet dem Äerzbistum Lëtzebuerg.

Luxembourg School of Religion & Society
Schëld virun der Dier

Den 1. Juli 2018 gouf eng Konventioun mam Héichschoul- a Fuerschungsministère (MESR) ënnerschriwwen, duerch déi de Lëtzebuerger Staat sech un de Käschte bedeelegt.

D'LSRS schafft zesumme mat der theologescher Fakultéit vun der Universitéit Tréier, mam Institut universitaire Elie Wiesel vu Paräis an nach mat aneren.

Bibliothéik änneren

D'Bibliothéik gouf aus där vum Seminär a vum Consistoire israélite zesummegeluecht, an huet ronn 150.000 Wierker, haaptsächlech aus de Beräicher Theologie, Philosophie, Geschicht, asw., 700 Zäitschrëften aus dem Ausland an iwwer 1.000 aus Lëtzebuerg.

Um Spaweck änneren