Luis Arce

bolivianesche Politiker

De Luis Alberto Arce Catacora, gebuer den 28. September 1963 zu La Paz, ass e bolivianeschen Ekonomist, Héichschoulenseignant, Politiker (MAS) an zanter dem 8. November 2020 President vu Bolivien.

Luis Arce
Gebuertsnumm Luis Alberto Arce Catacora
Gebuer 28. September 1963
La Paz
Nationalitéit Bolivien
Educatioun Universidad Mayor de San Andrés,
University of Warwick
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Movimiento al Socialismo

No sengem Ekonomiesstudium huet de Luis Arce vun 1987 bis 2006 bei der bolivianescher Zentralbank geschafft an op verschiddenen Universitéiten an Europa, Nord- a Südamerika Coursë ginn.

2006 gouf hie Finanzminister ënner dem President Evo Morales an 2009 Finanz- a Wirtschaftsminister. Direkt am Ufank huet hien d'Pëtrols- an Äerdgasquellen am Land verstaatleche gelooss.

Am Oktober 2020 huet den Arce, als MAS-Kandidat, d'Presidntschaftswalen mat 54,4 % Majoritéit gewonnen.

Um Spaweck änneren

Commons: Luis Arce – Biller, Videoen oder Audiodateien