De Luigi Lucchini, gebuer den 21. Januar 1919 zu Casto an der Provënz Brescia a gestuerwen de 26. August 2013 zu Brescia, war en italieeneschen Entreprener. Hie war als "re dell'acciaio" (lb. fir "Kinnek vum Stol") bekannt.[1]

Luigi Lucchini
Gebuer 21. Januar 1919
Gestuerwen 26. August 2013
Brescia
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Università Cattolica del Sacro Cuore
Aktivitéit Entreprener, Geschäftspersoun

Hien ass no de Studien an de Schmaddbetrib vu sengem Papp agestigen, deen en no an no zu der gréisster Schmelz vu Casto ausgebaut huet. An der Nokrichszäit grënnt hien de Gruppo Lucchini, ee vun de gréisste Stolkonzerner vun Italien. Den Ëmsaz ass vu 25 Milliarden italieenesche Liren am Joer 1975 op 3500 Milliarde Liren am Joer 2000 geklommen. Mëttlerweil heescht de Familljebetrib Lucchini RS, a gehéiert nach ëmmer zu de gréisste Stolkonzerner vun Italien. Hien huet eng grouss Roll an der Siderurgie an Italie gespillt, an deem hien de ganze Secteur an der Nokrichszäit ausgebaut huet.

Hie war vun 1984 bis 1988 President vu Confindustria. Säin Nofollger war de Sergio Pininfarina.

Referenzen änneren

  1. http://www.repubblica.it/economia/2013/08/26/news/e_morto_luigi_lucchini_re_dell_acciaio_italiano-65320418/