Louis Petit
De Louis Petit, gebuer als Jean Jacques Louis Petit de 25. Dezember 1890 an der Waassergaass zu Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 7. August 1953 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Museker.
Louis Petit | |
---|---|
Gebuer |
25. Dezember 1890 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
7. August 1953 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
![]() |
Ganz fréi intresséiert de Louis Petit sech fir d'Musek. De Piano an d'Flütt si seng léifsten Instrumenter. Hie studéiert am Stater Conservatoire, duerno geet hien op Paräis, Wiesbaden a Wien.
1916 ass hie Privat-Enseignant zu Esch-Uelzecht. Hie grënnt zu Lëtzebuerg d'Gesang- an d'Theatergesellschaft Alstadkanner. Vun 1917 un iwwerhëlt hie wärend 25 Joer d'Leedung vun der Chorale Uelzecht. 1923 ass hien ee vun de Grënner vun der Ecole municipale de musique vun Esch. Hie gëtt zu Esch Musekscoursen am Meederchers- an am Jongelycée.
Wärend der Besatzungszäit muss hien den Enseignement verloossen, an hien ënnerbrécht all ëffentlech Aktivitéit. 1946 gëtt hie musikaleschen Direkter vun der UGDA, Sektioun Gesank.[3][4][5]
Éierungen
änneren- No him ass zanter 1956 eng Strooss zu Esch-Uelzecht genannt, d'Rue Louis Petit (virdrun Uechtstrooss)
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (1952)
- Médaille en argent de la Ville de Paris (1952)
Wierker
ännerenGesangsolo a Piano
änneren- 1913 Verlaangeren
- 1913 Je meurs, je n'ai que 16 ans
- 1915 Mort d'un Lorrain
- 1916 Manyla
- 1921 An der Friemt
- 1926 Domino
- 1931 Mein Himmelreich
- 1931 Bookemäilchen
- 1934 E Weesekand
- 1934 Onst Land
- 1936 Colombine
- 1937 Le Matin
- 1944 Gebied fir ons Jongen
- 1950 Schlofliddchen
Chorale
änneren- 1920 Bergmannslos
- 1928 Sängermarsch
- 1931 O Salutaris
- 1933 De Fuuss op Wahltournee
- 1935 Léiwe Villchen
- 1935 Den ale Landsträicher
- 1937 Musik a Gesank
- 1937 Extase
- 1937 Sängergrouss
- 1937 De Léierche séngt
- 1938 Welke Blätter
- 1939 Mäi klengt léift Lëtzebuerg
- 1939 Mir wëlle fräi sinn
- 1941 Patriae fideles
- 1943 Pie Jesu
- 1945 Ave Maria
- 1946 Graflidd
- 1947 Rous vu Lëtzebuerg
- 1949 Verbandshymne
Orchesterwierker
änneren- 1918 Elégie
- 1920 Alstadkanner, UGDA
- 1949 Lilientanz, Marche de la télévision
Theatermusek
änneren- A läschter Stonn
- Summerkur am Mëllerdall (Operett an 3 Akten)
Um Spaweck
ännerenQuell
änneren- Loll Weber: "Louis Petit, un musicien bien luxembourgeois", in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 1986/3.
Referenzen
änneren- ↑ Gebuertsakt Nr. 444 vum 26. Dezember 1890 vun der Gemeng Lëtzebuerg
- ↑ Doudesannonce vum Louis Petit am Luxemburger Wort vum 8. August 1953
- ↑ Professor Louis PETIT. In: Luxemburger Wort vum 10. Aug. 1953, S.4
- ↑ Louis Petit-Gedenkfeier in Esch. In: Luxemburger Wort vum 15. Sept. 1953, S.4
- ↑ Zum 10. Todestag von Louis Petit. In: Luxemburger Wort vum 8. Aug. 1963, S.4