De Louis-Pierre Fendius, gebuer[1] den 28. Juni 1792, a gestuerwen 7. Dezember 1861, war e lëtzebuergesche Politiker a Magistrat.

Louis Fendius
Gebuer 28. Juni 1792
Gestuerwen 7. Dezember 1861
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter

Hie war Député suppléant am Nationalkongress wou hie seng Funktioun den 13. November 1830 ugetratt huet. Hien huet den 13. Juni 1831 seng Demissioun ginn, a gouf vum André Biver ersat.

Vun 1845 un, war hien am Stater Gemengerot[2], conseil de régence genannt, a vun 1854 un war hien do am Schäfferot.[3]

Hie war Friddensriichter zu Esch-Uelzecht, wou hien de 5. Abrëll 1831 vereedegt gouf.[4]

Referenzen änneren

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 15 - S. 210 BNL
  2. Journal de la Ville
  3. Arrêté vun der Nominatioun
  4. Säit iwwer de Louis Fendius op unionisme.be