De Louis Deny, gebuer den 9. Januar 1797 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 30. Juni 1875, war fir d'éischt Zaldot, duerno Greffier vun der Chamber a Generalsekretär vun der Regierung.

Louis Deny
Gebuer 9. Januar 1797
Gestuerwen 30. Juni 1875

Nodeems hien zanter 1816 mat Archivéierungsaarbechte beschäftegt war, gouf hien 1840 zum Archivist vun der Regierung ernannt a war domat den éischten Archivist vum haitege Staatsarchiv.

Nom Louis Deny ass eng Strooss am Rollengergronn benannt; se verleeft als Sakgaass vun der rue François Boch aus.