De Louis Antoine Stanislas Deibler gebuer den 12. Februar 1823 zu Dijon, a gestuerwen de 6. September 1904 zu Paräis, war vun 1863 bis 1870 regionale Schaarfriichter zu Rennes an der Bretagne, a vun 1879 bis 1898 Schaarfriichter vu ganz Frankräich („exécuteur en chef“).

Louis Deibler
Gebuer 12. Februar 1823
Dijon
Gestuerwen 6. September 1904
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schaarfriichter

A senger Déngschtperiod als Exécuteur en chef hat hien 154 Verurteelter mat der Guillotine higeriicht.