D'Lisa Marie Presley, gebuer den 1. Februar 1968 zu Memphis, am Tennessee, a gestuerwen den 12. Januar 2023 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesche Sängerin a Songschreiwerin.

Lisa Marie Presley
Gebuer 1. Februar 1968
Memphis
Gestuerwen 12. Januar 2023
West Hills
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Komponist, Lidderschreiwer, Museker, Dichter, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Michael Jackson, Nicolas Cage
Papp Elvis Presley

Si war dat eenzegt Kand vum Sänger Elvis Presley an der Schauspillerin Priscilla Presley.

Si war véiermol bestuet, dorënner mam Popsänger Michael Jackson an dräi Méint laang mam Schauspiller Nicolas Cage.

2003 huet se hiren éischten Album, To Whom It May Concern, erausbruecht, an 2005 deen zweeten, Now What. 2012 koum Storm & Grace eraus.

Um Spaweck änneren

Commons: Lisa Marie Presley – Biller, Videoen oder Audiodateien