Liebe will gelernt sein
Film vum Kurt Hoffmann (1963)
Liebe will gelernt sein ass en däitsche Film vum Kurt Hoffmann aus dem Joer 1963 mat der Barbara Rütting a mam Götz George an den Haaptrollen. Et ass eng Adaptatioun vun engem Theaterstéck vum Erich Kästner.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Däitschland |
Première | 1963 |
Dauer | 88 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,66:1 |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Kurt Hoffmann |
Dréibuch | Erich Kästner |
Fotografie | Sven Nykvist |
Musek | Hans-Martin Majewski |
Schnëtt | Ursula Kahlbaum |
Produzent | Heinz Angermeyer |
Produktiouns- gesellschaft | Independent Film |
Schauspiller | |
Barbara Rütting als Hermine Schack Götz George als Hansgeorg Lehmbruck Loni von Friedl als Margot Zimmermann Fita Benkhoff als Ilse Lehmbruck Grit Boettcher als Dora Krell Margarete Haagen als Frau Krüger Bruno Hübner als Eberhard Feldhammer Charles Regnier als Ferdinand Kramer Herta Staal als Nelly Dagmar Hank als Studentin Peter Striebeck als Student Melzer Ralf Wolter als Regie-Assistent Müller Blandine Ebinger als Lydia Bretschneider Michael Barry als Andreas Ilse Pagé als Sekretärin Agnes Windeck Helmut Gentsch als Student Heidenreich Alfons Teuber Franz Fröhlich als Bréifdréier | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Hansgeorg Lehmbruck, e Medezinstudent, schéngt sech net fir Fraen, ma just fir säi Studium z'intresséieren. Seng Mamm, bei där en nach wunnt, mécht sech dowéinst Suergen a schéckt e kuerzerhand bei säi Monni Christoh op München, en Auteur vu Libesromaner, dee weess, wéi ee Fraenhäerzer eruewere kann...