De Lester Young, gebuer als Lester Willis Young de 27. August 1909 zu Woodville, Mississippi a gestuerwen de 15. Mäerz 1959 zu New York, war en US-amerikaneschen Tenorsaxophonist, Klarinettist a Komponist.

Lester Young
Gebuertsnumm Lester Willis Young
Gebuer 27. August 1909
Gestuerwen 15. Mäerz 1959
New York
Nationalitéit USA
Aktivitéit Klarinettist, Saxophonist, Komponist, Jazzmuseker, Museker

Säi Liewen änneren

De Lester Young wiisst zu New Orleans an enger Familljen op, an där jiddwereen e puer Museksinstrumenter spillt. De klenge Lester fänkt mat Batterie, Trompett, Altsaxophon a Gei un. 1928 wiesselt en op Tenorsaxophon a spillt beim Art Brosnson senge Bostonians. An d'Joren drop spillt e bal bei Engem, bal bei engem Aneren. 1936 gëtt hien engagéiert vum Count Basie fir am Reno Club zu Kansas City mat deem senger Big Band opzetrieden. Zu där Zäit begéint en d'Billie Holiday an den Teddy Wilson, mat deenen hie spéider nach vill Studiosopname mécht. 1940 grënnt hien eng eege Band, e Joer drop spillt e bei sengem Brudder Lee; an 1943 ass en erëm fir eng Zäitche beim Basie. Da geet en an d'Arméi, mä en Deel dovu verbréngt en a Militärprisonge wéinst Drogenaffairen. Nom Krich gëtt en eng Zäit vum Norman Grantz gemanaged fir deem seng Jazz at the Philharmonic Tourneeën. Wéinst sengen Alkoholproblemer fënnt hien nëmmen nach Free-Lance-Aarbecht an Orchesteren. Säin éischten Europa-Optrëtt hat en 1952, an dee leschten am Februar 1959 am Blue Note zu Paräis. E puer Deeg drop ass de Lester Young am Hotel Alwin zu New York un Häerzversoe wéinst Alkoholismus gestuerwen.

CD - Tipps änneren

  • Lester Young: Complete Savoy Recordings, Savoy Jazz, 2 Cden
  • Billie Holiday, Lester Young: Complete Recordings, Jazz Factory, Spuenien, 2 CDen

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren