Les rapides Limpertsberg

De Club de marche populaire Les Rapides Limpertsberg, ofgekierzt CMP Les Rapides Limpertsberg ass en IVV-Wanderveräin, mat Sëtz um Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg. De Veräi gouf 1935 gegrënnt, an huet deemools Vëloscourssen organiséiert.

1972 war de Veräin bei der Grënnungsversammlung vum Lëtzebuerger Vollekssportverband der haiteger FLMP dobäi.

Vun do un organiséiert de Veräin all Joer zwou Wanderungen duerch d'Stad Lëtzebuerg, bei deenen all Kéier tëscht 1.200 a 1.500 Leit matmaachen.

Den 1. Januar 2009 hat de Veräin iwwer 100 Memberen, déi all Weekend an Däitschland, Frankräich, der Belsch an zu Lëtzebuerg bei de verschiddenen IVV-Organisatioune matmaachen.

Um Spaweck änneren