Les amis d'Edmond Dune, nom lëtzebuergeschen Auteur Edmond Dune genannt, ass e Veräi mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, deen den 1. Juli 2009 vu senger Duechter, der Françoise Hermann-Le Bourhis, a vum Jean Portante gegrënnt gouf.[1]

Ziler vun dësem Veräin ouni Gewënnzweck sinn:

  • Fërderen an ënnerhale vun der Erënnerung un den Edmond Dune;
  • Verbreede vu sengem Wierk zu Lëtzebuerg an am Ausland;
  • Bäidroen zur Bekanntheet vu sengem Wierk duerch d'Organisatioun an d'Fërdere vu literaresche Manifestatioune wéi Liesungen, Konferenzen, Seminairen a Fuerschungsaarbechten;
  • Zesummestelle vun enger Dokumentatioun iwwer seng Wierker an iwwer alles, wat säi Liewe betrëfft.
  • Erausbrénge vu sengem Gesamtwierk an Zesummenaarbecht mat ëffentlechen Institutiounen a privaten Acteuren.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 1468 vum 29. Juli 2009, Säit 70425