Les Allymes
fréier franséisch Gemeng am Ain
Les Allymes ass eng kleng Uertschaft an der Gemeng Ambérieu-en-Bugey an eng fréier franséisch Gemeng am Departement Ain (01) an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.
Et war war eng kuerzlieweg Gemeng déi am Ufank vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt gi war, a scho 1794 suppriméiert gouf a bei Ambérieu geprafft gouf.
Bekannt Persounen
änneren- Suzanne Tenand, Historikerin déi sech véiezeg Joer ëm d'Buerg Château des Allymes an hir Restauratioun bekëmmert huet.
- René de Lucinge, Jurist an Diplomat deen um Schlass gewunnt huet.
- Roger Vailland, Resistenzler, grousse Reporter an Dréibuchschreiwer huet eng Zäit mat senger Fra Élisabeth Vailland do am Haus La Grange aux Loups gewunnt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Les Allymes – Biller, Videoen oder Audiodateien |